Gjilan / Gjilani
Gnjilane / Гњилане

Vue op Gjilan
Land Kosovo
Verwaltungseenheet: Distrikt Gjilan
Koordinaten 42° 27’ 53’’ N
      21° 28’ 1’’ O
Fläch 385 km²
Awunnerzuel: 90.178[1] (2011)
Héicht: 508 m
Websäit http://kk.rks-gov.net/gjilan

Gjilan (op Albanesch: Gjilan oder Gjilani, op Serbesch: Gnjilane oder Гњилане) ass eng Gemeng am Oste vum Kosovo. Si besteet aus der Stad mam selwechten Numm an 42 klengen Dierfer.

Bevëlkerung änneren

 
Kaart vum Kosovo mat der Gemeng Gjilan (gro)

Der Vollekszielung 2011 no sinn d'grouss Majoritéit vun der Bevëlkerung ethnesch Albaner (97%), virun den Tierken an de Serben. Dowéinst sinn d'offiziell Sproochen an der Gemeng Albanesch, Serbesch an Tierkesch.[1]

Virum Krich am Joer 1999 hunn an der Gemeng ronn 25.000 kosovaresch Serben a 6.000 kosovaresch Roma gelieft. Obwuel an de leschten zéng Joer e puer vun hinnen zeréckkomm sinn, ass d'Majoritéit deplacéiert bliwwen.[1]

Ethnesch Kompositioun (2011)[1]
Awunner Zuel Prozent
Albaner 87.814 97,37%
Tierken 978 1,08%
Serben 624 0,69%
Roma 361 0,40%
Bosnier 121 0,13%
Gorani 69 0,07%
Ashkali 15 0,01%
Egypter 1 /
Anerer 95 0,10%
Net spezifiéiert 100 0,11%

Economie änneren

Bis an d'1999 war Gjilan e wichtegen Industriezentrum mat enger Rei profitabel Fabricken, vun deenen ënner anerem d'Tubaks- an d'Heizkierperfabricken iwwerlieft hunn.

Galerie änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Presentatioun vun der Gemeng um Site vun der OSCE (gekuckt den 19. Juli 2017)