Gjakova oder Gjakovë op Albanesch an Đakovica oder Ђаковица op Serbesch ass eng Stad a Gemeng am Weste vum Kosovo.

Gjakova
Owesvue op Gjakova
Land Kosovo
Vewaltungseenheet Distrikt Gjakova
Awunner 40.827
  2011
Fläch 385
Héicht 508
Koordinaten 42° 23’ 00’’ N
      20° 26’ 00’’ O
Postcode 50000
Websäit /

Bevëlkerung änneren

Der Vollekszielung vun 2011 no sinn d'grouss Majoritéit vun der Bevëlkerung ethnesch Albaner (93%), virun de kosovareschen Egypter an de Roma.[1]

Ethnesch Kompositioun (2011)[1]
Awunner Zuel Prozent
Albaner 87.672 92,72%
Egypter 5.117 5,41%
Roma 738 0,78%
Ashkali 613 0,65%
Bosnier 73 0,08%
Serben 17 0,02%
Tierken 16 0,02%
Gorani 13 0,01
Anerer 92 0,10%
Net spezifiéiert 205 0,22%

Infrastruktur an Zerwisser änneren

D'Infrastruktur an der Gemeng gëllt als gutt. Wärend dem Krich 1999 sinn haaptsächlech Gebaier am Zentrum vun der Alstad zerstéiert ginn, dem sougenannten Ale Basar. Zënterhinn ass deen awer mat internationale Fongen erëm opgebaut ginn. An der ganzer Gemeng goufen et 2011 42 Primärschoule fir iwwer 14.400 Schüler a 7 Lycéeë fir iwwer 4.700 Schüler.[1] Zënter 2013 gëtt et eng ëffentlech Universitéit, d'Universiteti i Gjakovës "Fehmi Agani".

Donieft gëtt et 33 Moscheeën an der Stad an an den Dierfer, vun deenen déi meescht nom Krich restauréiert goufen, an zwou kathoulesch Kierchen. Eng serbesch-orthodox Kierch ass 1999 schwéier beschiedegt a spéider ofgerappt ginn. Eng aner serbesch-orthodox Kierch ass wärend den Onrouen am Mäerz 2004 beschiedegt ginn a spéider am Zentrum vun der Stad nei opgebaut ginn. Si huet 2011 hir Dieren opgemaach.[1]

Zu Gjakova gëtt et e Geriicht mat 14 Riichter. Am September 2015 gouf et 218 Polizisten an der Gemeng.[1]

Galerie änneren

Commons: Gjakova – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 Zitéierfeeler: Ongëlteg <ref> Markéierung; et gouf keen Text ugi fir d'Referenze mam Numm osce1