Janus (Mound)

Saturnmound

De Janus (oder Saturn X) ass den néngtgréisste vun den 62 bekannte Mounde vum Planéit Saturn. De koorbitale Mound deelt sech säin Orbit mam Epimetheus, mat deem hien all véier Joer d'Ëmlafbunn tauscht.

Janus
(Saturn X)
Janus, Foto: Cassini-Huygens de 7. Abrëll 2010 Distanz zirka 75.000 km.
Zentralkierper Saturn
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 151.460 ± 10 km
Periapsis 150.430 km
Apoapsis 152.490 km
Exzentrizitéit 0,0068
Ëmlafzäit 0,694660342 Deeg
Inklinatioun 0,163 ± 0,004°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser 178,8 ± 6,0
(193 × 173 × 137) km
Dicht 0,64 ± 0,06 g/cm3
Gravitatioun
op der Uewerfläch
0,0180 m/s2
Albedo 0,71 ± 0,02
Visuell Magnitude (mag) 14,0
Entdeckung
Entdecker Audouin Dollfus
Entdeckungsdatum 15. Dezember 1966


D'Positioune vun de bannenzege Saturnmounden an de Réng vum Saturn, vu bannen no baussen: Pan, Atlas, Prometheus, Pandora, Janus an Epimetheus, Mimas, Enceladus, Tethys, Dione a Rhea

Entdeckung an Numm änneren

De Janus gouf de 15. Dezember 1966 vum Astronom Audouin Dollfus entdeckt. Et ass allerdéngs net kloer, ob hien de Janus oder den Epimetheus gesinn huet. D'Entdeckung gëtt dem Dollfus zougesprach, obwuel kuerz virdrun, den 29. Oktober 1966, de Jean Texereau den Objet fotografesch festgehalen hat, ouni allerdéngs seng Bedeitung z'erkennen.

Den 18. Dezember 1966 huet de Richard L. Walker en änlechen Objet observéiert, de Mound Epimetheus. Et war allerdéngs ugeholl ginn, datt de Walker och de Janus gesinn hat.

Den Objet hat allerdéngs ongewéinlech Bunneegenschaften. Am Oktober 1978 hunn de Stephen M. Larson an de John W. Fountain erausfonnt, datt sech d'Observatiounen am beschten mat der Existenz vun zwéin eenzele Kierper erkläre léisst, déi sech déi selwecht Ëmlafbunn deelen. Trotzdeem war et net einfach, d'Bunne vun de béide Mounden aus den Observatiounsdaten opzeschlësselen.

De Janus gouf vun der Raumsond Pioneer 11 registréiert, wéi se den 1. September 1979 laanscht de Saturn geflu ass. Dräi Detekteren hunn als Bewäis energeetesch Partikele vu sengem Schiet opgeholl. De Janus gouf dann eendäiteg den 1. Mäerz 1980 vun der Sond Voyager 1 identifizéiert.

Obwuel den Numm Janus schonn 1966 virgeschloen an zanterhir fir de Mound benotzt gouf, gouf déi offiziell Benennung vun der I.A.U. eréischt den 30. September 1983 nogeholl. Bis dohin hat hien déi virleefeg Bezeechnung S/1966 S 2 (→ ënnen). De Janus ass den 10. entdeckte Mound vum Saturn.

Genannt gouf de Mound nom Janus, dem zweegesiichtege Gott aus der Réimescher Mythologie. Säin Numm gehéiert zu der selwechter Wuertfamill wéi ianua, der laténgescher Bezeechnung fir Dier a janus fir jiddwer ongespaarte gekrëmmten Duerchgank.

No den Nummkonventioune vun der IAU ginn fir Uewerflächestrukturen op Janus Nimm mat Verbindung zum mytheschen Zwillingspuer Castor a Pollux benotzt.[1]

Bunneegenschaften änneren

 
Foto, zwéi Méint nom Austausch vun den Ëmlafbunnen, aus enger Distanz vu 492.000 km vum Janus (riets) an 452.000 km vum Epimetheus. (Cassini, 20. Mäerz 2006)

Ëmlafbunn änneren

De Janus kreest ëm de Saturn op enger prograder, bal perfekt kreesfërmeger Ëmlafbunn op enger mëttlerer Distanz vun 151.410 km bis 151.460 km (zirka 2,512 bis 2,513 Saturnradien) vun hirem Zentrum, also 91.142 km bis 91.192 km iwwer hirer Wollekenuewergrenz. D'Bunnexzentrizitéit ass 0,0068, d'Bunn läit 0,163° schréi géigeniwwer dem Equator vum Saturn, läit also bal genee um Equatorplang vum Planéit. Duerch déi niddreg Exzentrizitéit variéiert d'Bunn op der Distanz zum Saturn ëm nëmme ronn 2.000 km.

D'Ëmlafbunn vum nächstbannenzege Mound Pandora ass an der Moyenne 9.690 respektiv 9.740 km vun den Orbits vun Epimetheus a Janus ewech, d'Distanz vun der Bunn vum nächstbaussenzege Mound Aegaeon ass an der Moyenne ronn 16.000 km.

De Janus leeft ëm de Saturn a 16 Stonne, 40 Minutte an 18,7 Sekonnen. Dat entsprécht eppes méi wéi der Ëmlafzäit vum Jupitermound Thebe a läit tëscht de Uranusmounden Perdita a Puck. D'Ëmlafzäite vum Janus an Epimetheus ënnerscheede sech nëmmen ëm 28,1 Sekonnen. De Janus an den Epimetheus brauche fir een Ëmlaf ongeféier 1 Stonn a 34 bis 35 Minutten méi laang wéi de bannenzege Noper Pandora.

Bunnverhale vu Janus an Epimetheus änneren

De Janus ass koorbital mam Mound Epimetheus, dat heescht, déi béid Mounde lafen op bal de selwechte Bunnen ëm de Saturn. Hir mëttel Ofstänn vum Planéit ënnerscheede sech nëmmen ëm 50 km, wat manner ass wéi d'Duerchmiesser vu béide Mounde. Ongeféier all véier Joer kënnt et zu engem enke Rendezvousvun de béide Mounde, déi sech dann duerch hir Schwéierkraaft géigesäiteg beaflossen. No de Gesetzer vum Kepler gëtt dee bannenzege Mound, deem seng Ëmlafbunn am Ganzen 28,1 Sekonne (deeglech 1/4 Grad) méi séier ass, dobäi acceleréiert an op eng méi héich Ëmlafbunn wandert, wouduerch hien nees ofgebremst gëtt. Dee baussenzege gëtt ofgebremst, wandert op eng méi niddreg Ëmlafbunn a gëtt doduerch acceleréiert. Op déi Aart a Weis tauschen de Janus an den Epimetheus wärend deem ongeféier 100 Deeg dauernde Prozess hir Ëmlafbunne, iwwerhuele sech dobäi awer net a komme sech och ni méi no wéi 15.000 km. Well de Janus véiermol méi Mass wéi den Epimetheus huet, huet hien ëmmer ronn 20 % vun der ganzer Bunnännerung ze droen. Déi orbital Bezéiung vu béide Mounde kann am Kader vum Dräikierperproblem verstane ginn, dobäi weisen an dësem Fall déi zwee Mounde eng änlech Gréisst op; den drëtte Kierper ass de Saturn. Dëst Verhalen vu béide Mounde ass eenzegaarteg am Sonnesystem.

Déi koorbital Begleeder beschreiwe vum mat der Beweegung vum gréissere Kierper ëm den Zentralstär matbeweegten Bezuchssystem ausgesinn eng sougenannt Huffeisenëmlafbunn, no där si laanscht der Ëmlafbunn e grousse Bou, deen si periodesch vir an zeréck pendelen. Vum rouende Bezuchssystem (Inertialsystem) aus gekuckt beschreiwe si awer weider "normal" Ëmlafbunnen.

 
Foto vum Janus/Epimetheus-Rank an anere nogeleeëner Réng (Cassini, 15. September 2006)

Géigewäerteg ass de Janus de bannenzege Mound vun de Béide. Déi lescht Bunnwiessel waren den 21. Januar 2006 (dee vun der Raumsond Cassini gutt dokumentéiert gouf), am Januar 2010 an am Januar 2014, dee nächste ass viraussiichtlech am Januar 2018.

Janus/Epimetheus-Rank änneren

Am Joer 2006 gouf en diffuse Stëbsrank entdeckt, deen am Géigeliicht visuell gemaach konnt ginn a sech laanscht d'Ëmlafbunne vum Epimetheus a Janus ëm de Saturn zéien. Dee bis elo sou genannte Janus/Epimetheus-Rank huet eng Breet vun ongeféier 5.000 km a gläicht vun der Intensitéit hier de Réng vum Jupiter. De Rank gëtt duerch Aschléi vu Mikrometeoritten op déi béid Mounde gespeist, änlech wéi dat beim Enceladus de Fall ass.

Rotatioun änneren

D'Rotatiounszäit ass d'selwecht wéi Ëmlafzäit an de Janus weist domat, wéi eisen Äerdmound, eng synchron Rotatioun op, déi sech soumat och banne 16 Stonnen, 40 Minutten a 18,7 Sekonne vollzitt. Seng Rotatiounsachs steet genee senkrecht op senger Bunnfläch. Seng Dréiachs steet 0,015° schréi géint d'Ëmlafbunn.

 
Foto vun der Janus-Südpolregioun (Cassini, 20. Januar 2008)

Physikalesch Eegenschaften änneren

Gréisst änneren

De Janus huet e mëttleren Duerchmiesser vun 178,8 km. Op de Fotoe vun der Cassini- an de Voyager-Sonden erschéngt de Janus als en onreegelméisseg geformt, längelzegen Objet mat de Moosse 193 × 173 × 137 km, woubäi d'Längsachs op de Saturn ausgeriicht ass. D'Gréisst gëtt och mat 179,2 ± 8,0 (195 × 194 × 152) km uginn;

Vun der Gréisst hier ass de Janus am beschten mam Jupitermound Himalia, den Uranusmounden Puck a Sycorax oder den Neptunmounden Despina an Galatea ze vergläichen.

Déi ganz Fläch vum Janus ass ronn 100.400 km² grouss, dat ass ze vergläiche mat der Gréisst wéi Island.

 
Foto vum Janus virun de Wolleke vum Saturn (Cassini, Januar 2006)

Bannenzegen Opbau änneren

D'Dicht vum Janus ass mat 0,64 g/cm³ vill méi kleng wéi déi vun eiser Äerd an ass e bëssi méi niddreg wéi d'Dicht vum Saturn; si ass esou niddreg, datt de Janus um Waasser schwamme géif. Dat weist drop hin, datt de Mound haaptsächlech aus Waasseräis zesummegesat ass.

Déi niddreg Dicht vum Janus weist drop hin, datt hie méiglecherweis zu de poréise sougenannte Rubble Piles gehéiert, déi duerch déi vergläichsweis schwaach Gravitatioun am Zentrum Huelraim opweisen.

Uewerfläch änneren

Krateren um Janus
Krater-
name
Duerchmiesser
in km
Koordi-
naten
Numm-
ofstaamung
Castor ? Kastor, Zwillingsbrudder vum Pollux
Idas ? Idas, Jong vum Aphareus
Lynceus ? Lynkeus, Jong vum Aigyptos
Phoibe ? Phoibe, Duechter vum Leukippos
 
Héichopgeléist Foto aus enger Distanz vun 33.000 km (Cassini, 20. Januar 2008)

D'Uewerfläch vum Janus ass staark vu Kratere gezeechent an huet vill grouss Aschlagkrater mat Duerchmiesser vun 30 km. Seng Uewerfläch erschéngt méi al wéi déi vum Nopeschmound Prometheus, mä méi jonk wéi déi vum Pandora.

D'Ramplië vun ettleche Krater hunn däischtert Material, dat um Epimetheus besser observéiert an dokumentéiert konnt ginn. Et sinn och Unzeeche vu renge Linne (vläicht Stralesystemer) um Rampli vun op d'mannst engem Krater entdeckt ginn.

Bis elo krute vun 1982 Januskrateren nëmme véier Krateren offiziell en Numm vun der USGS-Nomenklatur wéi déi beim Epimetheus déi bei der Legend vum Kastor a Pollux vun der (Griichescher Mythologie) abgeleet goufen.

De Janus huet eng ganz héich Albedo vun zirka 0,71, wat bedeit, datt hien eng ganz hell Uewerfläch huet, déi 71 Prozent vum agestralten Sonneliicht reflektéiert. Op senger Uewerfläch ass d'Gravitatiounsacceleratioun 0,0137 m/s², dat entsprécht ongeféier 0,1 % vun der ierdescher.

Genesis änneren

Wéinst der Kraterdicht vu senger Uewerfläch gëtt ugeholl, datt et sech ëm e relativ alen Himmelskierper handelt. Well den Epimetheus an de Janus koorbital Mounde sinn, geet een dovun aus, datt si méiglecherweis vun engem kollektivem Ufankskierper ofstaamen, déi duerch eng Stéierung, zum Beispill eng Kollisioun mat engem aneren Objet an zwéin Kierper geplatzt war.

Fuerschung änneren

 
Bescht Voyager-2-Foto vum Janus (25. August 1981).

De Janus huet eng visuell Magnitude vu 15,5m, déi 1:302000 vum Zentralplanéit ass. Zanter der Entdeckung am Joer 1966 an der Bestätegung 1980 an de Voyager-Laanschtflich gouf de Janus vun äerdgebonnenen Teleskope souwéi och vum Hubble-Weltraumteleskop ënnersicht. Seng Bunnparameter konnten doduerch preziséiert ginn.

De Janus gouf bis elo vun dräi Raumsonde besicht, de Laanschtfluchsonden Voyager 1 den 12. November 1980 a Voyager 2 de 25. August 1981 souwéi dem Saturn-Orbiter Cassini, dee vum 1. Juli 2004 bis de 15. September 2017 de Saturn ëmkreest huet. De Janus gouf vum Cassini méi dacks an d'Viséier geholl, sou datt seng Gréisst a Form a seng orbital Parameter an der Tëschenzäit ziemlech genee bekannt sinn. Dee nächste Laanschtfluch vum Cassini war beim 74. Ëmlaf ëm de Saturn den 1. Juni 2008, wou d'Sond den Epimetheus op enger Distanz vu 14.363 km passéiert hat.


Virleefeg Nummeréierungen änneren

Virleefeg Bezeechnunge vum Janus duerch Méifachentdeckungen a -verloschter
Bezeechnung Datum Gemellt duerch IAUC
S/1966 S 2 31. Mäerz 1980 /
28. Abrëll 1980
Audouin Dollfus * [1]
S/1979 S 2 25. Oktober 1979 T. Gehrels /
J. A. Van Allen et al.
* [2]
S/1980 S 1 25. Februar 1980 Dan Pascu * [3]
S/1980 S 2 29. Februar 1980 Bradford A. Smith /
Harold J. Reitsema /
Stephen M. Larson
* [4]
S/1980 S 9 31. Mäerz 1980 A. W. Harris /
J. Gibson
* [5]

Duerch déi komplizéiert Entdeckungsgeschicht vum Janus an Epimetheus hat de Janus vun der I.A.U. op d'mannst fënnef systematesch Nummeréierungen erhalen, bei deene spéider nogewise konnt ginn, datt et sech ëmmer nees ëm de Janus gehandelt hat.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Medien änneren

Commons: Janus (Mound) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Categories for Naming Features on Planets and Satellites - IAU Working Group for Planetary System Nomenclature (WGPSN)