Haaptmenü opmaachen

Dem Johannes Kepler seng dräi Gesetzer beschreiwen d'Bunne vu Planéiten, déi ëm e Stär (eng Sonn) kreesen.

Inhaltsverzeechnes

Éischt Gesetz vum KeplerÄnneren

Am heliozenzentresche Bezuchssystem ass d'Bunn, op där e Planéit rondrëm seng Sonn dréit eng Ellips, woubäi d'Sonn ëmmer an engem Brennpunkt vun der Ellips steet.

Zweet Gesetz vum KeplerÄnneren

De Radiusvektor, d. h. d'Linn déi ee vun der Sonn bis zum Planéit zitt, iwwersträicht a gläichen Zäitintervaller gläichgrouss Flächen. Doduerch beweegt de Planéit sech méi séier, wann e méi no bei der Sonn ass, a méi lues, wann e méi wäit ewech vun der Sonn ass.

Drëtt Gesetz vum KeplerÄnneren

D'Ëmlafzäite vun de Planéiten um Carré verhale sech sou wéi d'Cubë vun de groussen Hallefachse vun hire respektive Bunnellipsen. Wann also zwéi Planéiten ëm déiselwecht Sonn dréien, schreiwe mer   an   fir hir Ëmlafzäiten, an   an   fir d'Hallefachse vun hire Bunnellipsen. Mathematesch resuméiert sech d'Gesetz da sou:

 .

Dëst Gesetz ass net ganz richteg, well et vernoléissegt d'Mass vum Planéit vis-à-vis vun der Mass vun der Sonn. Richteg formuléiert misst d'Gesetz folgendermoosse geschriwwe ginn:

 ,

woubäi  ,   an   d'Masse vun de Planéite resp. vun der Sonn sinn. Well bal ëmmer d'Planéitemassen extrem kleng vis-à-vis vun der Sonnemass sinn, ass de Feeler an dem Kepler sengem Drëtte Gesetz geréng. z. B. ass an eisem Sonnesystem dem Jupiter seng Mass méi kleng wéi en Dausendstel vun der Sonnemass.

GeschichtÄnneren

De Kepler huet déi éischt zwee Planéitegesetzer séier fonnt an a sengem Wierk Astronomia Nova (Nei Astronomie) 1609 verëffentlecht. Nom Drëtte Gesetz huet hie méi laang misse sichen, bis en et 1618 entdeckt hat. Verëffentlecht huet hien et a sengem Wierk Harmonices Mundi (Weltharmonie) 1619.

Um SpaweckÄnneren

Commons: Kepler motions – Biller, Videoen oder Audiodateien