Haaptmenü opmaachen
Asteroid (101955) Bennu.

Rubble Pile (engl.: fir Schuttkoup) ass an der Planetologie eng informell Bezeechnung fir en Asteroid, deen aus ville klenge "Brochstécker" besteet an am Géigesaz zu engem Monolith, nëmmen duerch d'Gravitatioun verstreet zesummegehale gëtt.

Méiglecherweis maachen rubble piles en erhieflechen Deel vun der Asteroiden aus, woubäi e Nowäis nach aussteet. Dëst hätt erhieflech Auswierkungen op déi méiglecherweis néideg Oflenkung vun engem Asteroid op Kollisiounskurs mat der Äerd. Ausserdeem hätt et erhieflech Auswierkungen op d'Charakteristik vun enger Kollisioun, well sou ee Gestengskoup zu enger Heefung vun Explosioune vu klenge Kierper an der Äerdatmosphär féiere kann, am Géigesaz zum Duerchschloen vun der Atmosphär duerch e Monolith mat uschléissender Explosioun an der Äerd resp. am Ozean.

EegenschaftenÄnneren

  • Wéinst den Huelraim tëscht senge Bestanddeeler sollt e rubble pile eng relativ niddreg Dicht opweisen (kuckt Réidicht a Rengdicht).
    • Vill Asteroide si manner dicht wéi Meteoritte (déi wahrscheinlech Brochstécker vun Asteroide sinn an am Reegelfall 3 bis 5 g/cm³ opweisen) a sinn dofir wahrscheinlech rubble piles, z. B. Eugenia (1,12 g/cm³) an Mathilde (1,3 g/cm³). Si sinn domat nëmmen onwiesentlech méi dicht wéi Waasser (1 g/cm³).
    • Etlech kleng Mounde hunn esouguer eng Dicht, déi manner ass wéi déi vu Waasser, z. B. d'Saturnmound e Pandora (0,49 g/cm³) an Helene (0,5 g/cm³).
    • Aner Asteroiden dogéint kënne wéinst hirer relativ héijer Dicht keng gréisser Huelraime hunn, z. B. Vesta (3,7 g/cm³) oder Pallas (3,28 g/cm³), a soumat keng rubble piles sinn.
  • E rubble pile kann net einfach esou séier ëm déi eegen Achs rotéieren, well vun enger bestëmmtener Grenzvitess d'Zentrifugalkraaft méi staark gëtt wéi d'Gravitatioun an de Kierper auseneerappt. Dat sollt fir Rotatiounsdauer vu manner wéi zirka 2,2 Stonnen de Fall sinn.
    • Tatsächlech rotéieren nëmme wéineg Asteroide méi séier. Si si mat ënner zirka 150 m Duerchmiesser ganz kleng.
    • Déi bekannt Rotatiounsvitesse vun allen aneren Asteroide si méi niddreg wéi déi Grenzvitessen, déi uewen ugeschriwwe sinn. Dat gëllt als staarkeb Indiz dofir, datt vill, wann net esouguer déi meescht Asteroide rubble piles sinn.

LiteraturÄnneren

  • Alan W. Harris: The Rotation Rates of Very Small Asteroids: Evidence for 'Rubble Pile' Structure. An: Lunar and Planetary Science. 27/1996. S. 493, ISSN 0197-274X)
  • Günther Glatzel: Titan und Phobos: Innen körnig. D'Ausnotzung vun der Radar-Dopplerverrécklung zu der Bestëmmung vum bannenzegen Opbau vun "Rubble Piles" um Beispill vum Saturnmound Titan an de Marsmounden Phobos (dee sengersäits als méiglechen agefaangenen Asteroid gëlt). Online-Artikel bei Raumfahrer.net, gekuckt den 27. Dezember 2013
  • Deller, Jakob (2015) Hyper-Velocity Impacts on Rubble Pile Asteroids. PhD thesis, University of Kent, International Max Planck Research School for Solar System Science. Online op kent.ac.uk (PDF)

Kuckt ochÄnneren