Thebe (Mound)

Jupitermound


Den Thebe (och Jupiter XIV) ass ee vun de bannenzege Mounde vum Planéit Jupiter.

Thebe
(Jupiter XIV)
Jupitermound Thebe, opgeholl vun
der Raumsond Galileo de 4. Januar 2000.
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/1979 J 2
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 221.900 km
Periapsis 218.000 km
Apoapsis 225.800 km
Exzentrizitéit 0,0176
Ëmlafzäit 0,675 Deeg
Ëmlafvitess 23,90 km/s
Inklinatioun 1,080°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser 99 km
Dicht 3,00 g/cm3
Albedo 0,047
Visuell Magnitude (mag) 16,0
Entdeckung
Entdecker Voyager 1
Entdeckungsdatum 5. Mäerz 1979

Entdeckung änneren

Den Thebe gouf de 5. Mäerz 1979 vum Astronom Stephen P. Synnott op Fotoe vun der Raumsond Voyager 1 entdeckt a krut ufanks déi virleefeg Bezeechnung S/1979 J 2. Am Joer 1983 gouf de Mound offiziell no der Nymph Thebe aus der griichescher Mythologie, genannt. D'Thebe war d'Duechter vum Flossgott Asopos.

Opbau änneren

D'Uewerfläch ass ganz däischter. D'Fotoe vun der Raumsond weisen op d'mannst dräi riseg Aschlagskrateren. Den Thebe huet eng gebonne Rotatioun.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie