Audouin Dollfus

franséischen Astronom

Den Audouin Charles Dollfus, gebuer den 12. November 1924, a gestuerwen den 1. Oktober 2010[1], war e franséischen Astronom.

Audouin Dollfus
Gebuertsnumm Audouin Charles Élie Adrien Wilson Dollfus
Gebuer 12 November 1924
16. Arrondissement
Gestuerwen 1 Oktober 2010
Versailles
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Sorbonne Universitéit vu Paräis
Aktivitéit Astronom, Physiker
Fonctioun President
Gielercher Chevalier vun der Légion d'honneur‎, Jules-Janssen-Präis

Am Joer 1966 hat den Dollfus de Saturnmound Janus entdeckt, e klenge bannenzege Mound vum Saturn. Hien hat de Mound bei enger Observatioun vun de Saturnréng entdeckt, wéi déi vun der Äerd aus op d'Kant ze gesi waren a sou bal onsiichtbar waren. Wärend där Zäit hat hie bestëmmt och den Epimetheus observéiert, ee méi klenge Mound, deen de selwechten Orbit wéi de Janus huet. Den Dollfus hat awer net erkannt, datt et sech hei ëm zwéin ënnerschiddlech Objete gehandelt huet. Dofir gëllt de Richard L. Walker als Entdecker vum Epimetheus.

Auszeechnungen

änneren

Den Asteroid (2451) Dollfus gouf no him genannt.

Um Spaweck

änneren

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Referenzen

änneren
  1. (fr) Le dernier vol d'Audouin Dollfus