Kleeschen

hellegen Niklos
(Virugeleet vu(n) Hellegen Niklos)
Kleeschen
Nikolaus vu Myra
280/2866. Dezember 326/345/351
Russesch Ikon, 1294
Detailer
Beatifikatioun -
Kanonisatioun Volleksveréierung
Ënner dem Poopst -
Gedenkdag 6. Dezember

Kleeschen ass de Lëtzebuerger Numm vum hellegen Niklos (Nikolaus/Saint Nicolas/Sint Niklaas; dofir och: "Zinniklos"), deen der Traditioun no an der Nuecht vum 5. op de 6. Dezember de Kanner Kaddoe bréngt. Zu Lëtzebuerg hunn d'Kanner aus der Grondschoul de 6. Dezember wéinst Kleeserchersdag schoulfräi.

Zanter 2019 steet Niklosdag op der Lëscht vun der immaterieller Kulturierfschaft vun der UNESCO[1].

De Personnage Nikolaus vu Myra änneren

Als Personnage vun der Zäitgeschicht war de Kleeschen e Bëschof zu Myra (a Klengasien, haut an der Tierkei) an der éischter Hallschent vum 4. Joerhonnert. An der Chrëschteverfollgung vun 310 ass hie gefaange geholl a gefoltert ginn. Hie war 325 um éischte Konzil vun Nicäa mat derbäi. Soss ass iwwer säi Liewen awer wéineg bekannt. Dat huet sécher d'Legendebildung favoriséiert[2].

Hagiographie: Legenden a Veréierung änneren

Veréierung änneren

Den Nikolaus vu Myra gëtt souwuel an der orthodoxer wéi an der kathoulescher Kierch als Hellege veréiert. Säin Dag ass de 6. Dezember. A Russland ass den Hl. Niklos deen am meeschte veréierten Hellegen no der Maria. Zu Roum verbreet sech säi Kult vum 8. Jh. un a vun do aus an Europa.

Datt hien an a ronderëm Lëtzebuerg vill veréiert gëtt (et gëtt ë. a. vill Kierchen déi him geweit sinn), kënnt dohier, datt seng Reliquien den 9. Mee 1087 vu Myra op Bari an Italie koumen. Bari ass nach haut mat senger Basilica di San Nicola eng Héichbuerg fir d'Veréierung vum Kleeschen an dat souwuel fir déi kathoulesch wéi fir déi orthodox Chrëschten. Vun do koum e Fanger op Saint-Nicolas-de-Port an der Meurthe-et-Moselle eng ronn 120 km vu Lëtzebuerg ewech. Do gëtt de Fanger an der Niklos-Basilika versuergt.

Vum 12. Joerhonnert u spillt d'Nikloskierch um Krautmaart eng bedeitend Roll an der Stad. Wéi déi Kierch baufälleg war, gouf 1778 déi haiteg Kathedral dem Hl. Niklos geweit. Dofir steet och bis haut seng Statu iwwer dem Haaptportal. Un hien erënnert och de Nikloskierfecht um Glacis[3]. Zu Veianen gëtt et nieft der Nikloskapell och den Niklosbierg. Weider Nikloskierchen oder Nikloskapelle gëtt et zu Habscht, Heesdref, Héischdref, Holz, Housen, Koplescht, Lampech, Méchelbuch, Méischtref, Ollem, Roudemer, Réimech, Soller, Weiler, Zëtteg an zu Zolwer. Zu Réimech gëtt et d'Niklospaart an hien ass och de Patréiner vun der neier Par Dräilännereck Musel a Ganer Saint-Nicolas.

Och déi Griichesch-orthodox Kierch Weiler zum Tuer ass dem Hellege Niklos geweit.

Hie gëllt als de Patréiner vun de Kanner, Séileit an Händler.

Den Niklos ass och de Patréiner vu Vëlker wéi Russen, Kroaten a Serben a vu Regioune wéi Süditalie mat Bari a vu Loutrengen mat Saint-Nicolas-de Port. Zu Roum huet all Vollek seng Nationalkierch, do gëtt et och déi kleng Barockkierch hanner der Piazza Navona fir d'Loutrenger San Nicola déi Lotaringi.

Legenden änneren

Eng ganz Rëtscht vu Legenden erziele vum hellegen Niklos sengem Handelen. Zwou hu ganz besonnesch d'Duerstellungsweis vum Hellegen an der Konschtgeschicht beaflosst:

  • Hien huet engem Meedche gehollef d'Scholde vu senger Famill zeréckzebezuelen, andeems en Äppel an d'Wunneng gehäit huet, déi als gëllen Äppel gelant sinn. Dofir gëtt hien dacks mat dräi gëllenen Äppel duergestallt.
  • Hien huet dräi Kanner aus engem Dëppe resp. enger Bidde befreit. Well déi dräi Jongen owes net opgepasst haten, waren d'Diere vun der Stad zou, a sou koume si net méi eran. E Metzler huet si fonnt a wollt se zu Gelli kachen. Awer de Bëschof ass do laanscht komm an huet déi dräi, déi scho gekacht waren, erëm zu Jonge gemaach. Dofir gëtt hien dacks mat enger Biitchen, an där dräi Kanner stinn, duergestallt.

Vun dëser zweeter Legend gëtt et och eng vum Georges Schmitt op Lëtzebuerg transposéiert Versioun a Gedichtsform "D'Seeche vum Zinniklos"[4] aus dem Joer 1944, déi dës Evenementer op d'Festungsstad Lëtzebuerg iwwerdréit.

Traditioun a Brauch änneren

D'Traditioun vum Kleeschen als deen, deen de Kanner Kaddoe bréngt, ass am Streech tëscht Nordfrankräich (St. Nicolas), de Benelux-Länner (an Holland an a Flandern heescht e Sinterklaas) an de kathoulesche Géigende vun Däitschland, der Schwäiz an Éisträich, bis eriwwer a Polen (Święty Mikołaj) verbreet. Fir d'lëtzebuergesch Kanner kënnt en "aus dem Himmel"; fir déi kleng Hollänner mat engem Schëff aus Spuenien (vu wou en och Orangë matbréngt).

 
De Kleeschen an de Zwarte Piet

Wéi de Kleeschen ausgesäit änneren

 
Schockelaskleeschen

De Kleesche gëtt gewéinlech als en ale Mann mat engem laange wäisse Baart a Bëschofs-Gezei, mat enger Mitra (dem spatze Bëschofshutt) an engem Bëschofsstaf mat engem spiralfërmegen Opsaz duergestallt. Meeschtens huet hien e rout Gewand un.[5]

Dacks ass de Kleesche vum Houseker, engem däischtere Gesell begleet, deen op Franséisch: Père Fouettard, op Hollännesch Zwarte Piet ("Schwaarze Péiter") an op Däitsch Knecht Ruprecht, Schmutzli (an der Schwäiz) oder Krampus (an Éisträich an a Bayern) genannt gëtt. D'traditionell Verdeelung vun de Rollen ass kloer: de Kleesche belount déi Kanner, déi brav waren (wat hien an e gëllent Buch geschriwwen huet), an den Houseker gëtt deenen, déi net brav waren, eng Rutt. Wann de Kleeschen eleng ënnerwee ass, huet en e klenge schnéiwäissen Ieselche bei sech, deen de Sak mat de Schneekereien a Kaddoen dréit.[6] Konkurrenz kritt de Kleeschen hautdesdaags vum Personnage vum Weihnachtsmann/Père Noël, deen op Chrëschtdag an deenen anere Géigende vu Frankräich a vun Däitschland, mä och am engleschsproochege Raum ënner dem Numm Santa Claus eng änlech Roll spillt. Duerch d'Medien an duerch d'Asetze vun deem Personnage fir Reklammen duerch Geschäfter fënnt en och zu Lëtzebuerg ëmmer méi Verbreedung a suergt alt emol fir Duerchernee bei de Kanner an Erklärungsnéit bei den Elteren.

Brauch ronderëm Kleeserchersdag änneren

Fir de Kleeserchersdag, wéi de 6. Dezember och nach zu Lëtzebuerg genannt gëtt, gëtt et eng ganz Rëtsch vun Traditiounen.

Um Virowend vum Festdag passéiert de Kleesche mat sengem donkele Gesell duerch d'Dierfer a besicht d'Kanner. E freet no, ob d'Kanner sech dat lescht Joer geschéckt hunn. Wa se brav waren, kréie se vum Kleeschen Orangen, Nëss, Schockela a Kaddoen. Hu se sech awer net geschéckt, kréie se vum Houseker eng Rutt.

Éier d'Kanner dann an d'Bett ginn, stelle s'e Kierfchen, en Teller oder e Schong virun d'Dier. Fréier hu se och nach e Grapp voll Hee dernieft geluecht, fir dem Kleesche säin Iesel. Den anere Moien, um eigentleche Festdag, ass de Kierfche resp. de Schong voll mat Schneekereien a Spillgezei.

A verschiddenen Uertschafte gouf et fréier speziell Traditiounen. Bekannt ass zum Beispill, wéi d'Leit vun Helsem gefeiert hunn. Dëst beschreift den Edmond de la Fontaine sou:

Der Hergang bei diesem so volksthümlichen Feste erleidet örtlich verschiedene Abweichungen. In dem Dorfe Helsem, z. B., versammeln sich am Nikolausabend die erwachsenen Burschen. Derjenigen, welcher den Hǒséker aufführen soll, schlägt ein Leintuch um, setzt einen Pferdeschädel auf und sucht, so gut wie möglich, ein weißes Roß vorzustellen. Ein Führer leitet ihn an einer Kette, wärend ein zweiter die Peitsche schwingt. Neben dem Hǒséker schreitet im bischöflichen Ornate, eine Schelle in der Hand, der h. Nikolaus. Anderwärts reitet der Hǒséker auf einem als Schimmel verkleideten Kameraden, oder er trachtet durch entsprechende Versammlung als Schimmelreiter zu erscheinen. Auch wird manchmal der Hǒséker in Stroh eingekleidet und trägt selbst die Schelle.[7]

Deeg a Woche virum 6. Dezember gëtt a ville Stied a Gemenge vum Land e Kleesechersëmzuch organiséiert oder eng besonnesch Kleeserchersfeier. A ville Butteker an a Betriber ass en ze gesinn, fir de klengen a grousse Kanner eng "Titchen" (mat Schneekereien) ze ginn. Dacks kënnt de Kleeschen och an d'Schoulen oder an d'Lycéeën. D'Schüler vun der Première feiere sou gär en Deel vun hirem Ofschloss a bréngen déi ganz Schoul a Kleeserchersstëmmung.

Zanter dem 29. Juli 2019 gehéiert Niklosdag zum nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg.

Lidder änneren

Et gëtt verschidde Lidder, déi d'Kanner ëm Niklosdag sangen:

Léiwe Kleeschen änneren

Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen
Bréng eis Saachen, allerhand,
Fir ze kucken, fir ze schmaachen,
Aus dem schéinen Himmelsland.
Bei der Dier do stinn eis Telleren
Beieneen an enger Rei
'T läit och Hee do fir Däin Iesel
Dofir bréng ons Spillgezei. (bis)

Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen,
bréng ons Saachen allerlee,
mir eng Pëppchen, an eng Wéichen,
onsem Charly eng nei Lee!
Dann nach eppes fir de Mëndchen,
domat sinn ech extra frou,
sou e klenge Schocklasbëndchen
gëff mir Kleeschen heemlech zou. (bis)

Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen,
bréng ons Saachen schéin a gutt,
bréng e Päerd mir an eng Gäissel,
wéi dir där am Himmel hutt!
Mat Kamellen eng kleng Tiitchen,
Äppel, Biren, Hieselnëss,
awer maach och, gudde Kleeschen,
dat's de d'Mama net vergëss. (bis)

Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen,
lauschter och wat d'Mamm dir seet,
maach mir frou meng häerzeg Kanner,
't ass fir mech déi gréisste Freed.
Laang nach looss se Kanner bleiwen,
't ass déi schéinst, déi glécklechst Zäit,
well d'Erënnerung un déi Stonne
grad wéi Gold um Liewe läit.(bis)

(Text vum Willy Goergen a komponéiert vum Pëppy Beicht)

Kanner, loosst mer lëschteg sinn änneren

Kanner, loosst mer lëschteg sen,
Well de Kleesche kënnt geschwënn:
Kleesche, Kleesche, léiwen Zinniklos,
Deen s du d'Kanner gären hues,
Héier ons hell'gen Niklos!

Nach eemol gi mer schlofen änneren

Nach eemol ginn ech schlofen,
dann ass den Dag schonn do:
Dann ass dee léiwen Zinniklos
Mat senge Saachen do.

Theater änneren

  • De Belairer Schoultheater: d'Seeche vum Zinniklos / Regie vum Gisèle Dupong-Mreches, Georg Schmitt. - Lëtzebuerg: Nationalbibliothéik, 1997. - 1 Videokassett [VHS] (12 Min.): PAL. Lëtzebuergesch Originalversioun

Literatur änneren

  • Claude Kevers-Pascalis: Saint Nicolas, légende ou histoire? Éditions Serpenoise, Metz 2002, 160 S.
  • Anne-Laure Letellier, 2008. De Kleeschen. Saint-Nicolas. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 329-334. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kleeschen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Niklosdag Niklosdag am nationalen Inventaire vun der immaterieller Kulturierfschaft zu Lëtzebuerg
  2. Jean-Louis Zeien, Legenden an Traditioun zum Kleeschen verëffentlecht 2017 op cathol.lu
  3. Niklos Stadtour E Video vum Schoulreferat fir Schoulen a Maisons relais, verëffentlecht de 4. 12. 2017
  4. De Comité Alstad huet dëst Bichelchen 2012 nei erausginn.
  5. Am Fong misst seng Soutane awer mof (violett, purpur) sinn, well hie jo e Bëschof war. Déi rubinrout Soutane ass fir d'Kardineel reservéiert.
  6. Edmond de la Fontaine: Luxemburger Sitten und Bräuche (2. Auflage), Säit 12: St. Nikolaus (6. Dezember)
  7. Edmond de la Fontaine: Luxemburger Sitten und Bräuche (2. Auflage), Säit 13: St. Nikolaus (6. Dezember)