Immateriellt Kulturierwen
Wikimedia-Lëschtenartikel
(Virugeleet vu(n) Immateriell Kulturierfschaft)
Als immateriellt Kulturierwen bezeechent d'UNESCO Bräich, Opféierungen, Ausdrocksweisen, Uluechten, Wëssensschätz a Fangerfäerdegkeeten, déi d'Mënsche selwer als Deel vun hirer kultureller Ierfschaft ugesinn. Mat derzou gehéieren och d'Saachen an d'Plazen, d'Geschier an d'Gezei, déi ee brauch, fir déi Traditiounen um Liewen z'erhalen. Vu Generatioun zu Generatioun gëtt déi Ierfschaft ëmmer nei vun hiren Ierwen erschaf, am Zesummespill mat hirem jeeweilegen Ëmfeld, hirer Geschicht an der Natur.
UNESCO-Lëscht
ännerenOp der UNESCO-Lëscht vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg stinn:
- d'Iechternacher Sprangpressessioun, zanter November 2010
- d'Haupeschbléiser, zanter Dezember 2020
National Lëscht
ännerenUm nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwe stinn:
Kategorie: Gesellschaftlech Bräich, Riten, a Festlechkeeten
änneren- d'Iechternacher Sprangpressessioun
- d'Schueberfouer mat hirem Hämmelsmarsch
- d'Éimaischen
- d'Oktav zu Éiere vun der Muttergottes vu Lëtzebuerg
- den Niklosdag
- de Léiffrawëschdag
- de Bäerbelendag
- d'Klibbere goen
Kategorie: Kënschtleresch Ausdrocksforme viru Publikum
ännerenKategorie: Mëndlech Iwwerliwwerungen an Ausdrocksweisen
änneren- d'Haus- a Flouernimm
Kategorie: Wëssensschätz a Bräich, déi d'Natur an den Universum betreffen
änneren- d'Hiewanskonscht – d'Konscht vun der Gebuertshëllef
- d'Fléizen - déi landwirtschaftlech Technik fir Grief unzeleeën, fir d'Wisen ze bewässeren
- d'Wanderschéiferei
Kategorie: Geschécklechkeete vum traditionellen Handwierk
änneren- d'Konscht vum Dréchemauerbauen