D'Soutane ass dat schwaarzt Kleed vu kathouleschen an anglikanesche Geeschtlechen. Virum Zweete Vatikanesche Konzil, vum 11. Oktober 1962 bis den 8. Dezember 1965, war d'Soutane d'Alldagskleedung vum kathoulesche Paschtouer. Nom Konzil gouf se ëmmer manner gedroe bis quasi net méi ugedoen - woubäi hautdesdaags jonk Geeschtlecher se deelweis nei entdecken an heiansdo erëm undoen.

Zwéi Kardineel an ee Bëschof

D'Faarwe vun der Soutane sinn an der Kathoulescher Kierch festgeluecht[1]:

  • De Poopst: wäiss Soutane mat wäissem Zingulum (breede Rimm) a wäissem Pileolus (Käppchen, fr: Calotte)
  • De Kaploun vum Poopst: schwaarz Soutane mat mofe Knäpp a Knapplächer a mofem Zingulum
  • Den Éiereprelat vum Poopst an den Apostolesche Protonotär: schwaarz oder mof Soutane mat rubinroude Knäpp a Knapplächer a violettem Zingulum
  • De Kardinol: schwaarz oder rubinrout Soutane mat hellroude Knäpp a Knapplächer an hellroudem Zingulum, Mäntelchen a Käppchen oder Birett
  • De Bëschof: schwaarz oder mof (violett, purpur) Soutane mat rubinroude Knäpp a Knapplächer a mofem Zingulum, Mäntelchen a Käppchen oder Birett

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Instructio Ut sive sollicite vum 31. Mäerz 1969 iwwer d'Titelen an Insignie vu Kardineel, Bëscheef a Prelaten