Nikloskierch zu Koplescht

D'Kopleschter Kierch ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Mamerdall Saint-Christophe, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Koplescht gehéiert.

Kierch vu Koplescht

Uertschaft / Plaz Koplescht
Par Mamerdall
Saint-Christophe
Dekanat Lëtzebuerg
Numm / Patréiner Hl. Niklos
Konsekratioun 1864
Architekt(en) Cordonnier
Koordinaten 49° 39’ 54.1’’ N
      06° 04’ 18.5’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Niklos, deem säi Fest de 6. Dezember gefeiert gëtt.

Den 20. November 2020 gouf s'als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Se steet an der rue de Saeul, der N 12, nieft dem Gemengenhaus.

Geschicht änneren

Déi al Kierch änneren

Déi éischt Kopleschter Kierch stoung op der anerer Säit vun der Mamer, an der Géigend vum Ale Wee. Si ass ëm 1570 gebaut ginn. Si war och dem hellegen Niklos geweit. Dës Kierch ass no 1838 ofgerappt ginn.

Déi Säit vum Duerf, déi riets vun der Mamer läit, huet déi Zäit zu der Par Steesel gehéiert. Déi lénks Säit vum Duerf huet zur Par Kielen gehéiert.

 
De Chouer
 
Statu vum Hl. Henri baussen op der Kierch

Déi nei Kierch änneren

Am Joer 1838 ass mam Bau vun der neier Kierch op der lénkser Säit vun der Mamer ugefaange ginn. Dës Kierch gouf am Joer 1926 restauréiert. Wéi déi däitsch Arméi den 10. September 1944 d'Bréck iwwer d'Mamer gesprengt huet, war d'Kierch beschiedegt ginn.

 
D'Uergel
 
Dafkapell
 
D'Kierch vum CR101 aus gesinn

Klacken änneren

Am Joer 1965 krut d'Kierch dräi nei Klacken.

  • D'Marie-Klack, 800 Kilo
  • D'Niklos-Klack, 450 Kilo
  • D'Sebastians-Klack, 350 Kilo

Déi 3 Klacke goufen zu Brockscheid bei Daun an der fréierer Klackegéisserei Johann Mark und Sohn, haut Äifeler Klackegéisserei, gegoss. Se sinn den 18. Oktober 1965 vum Professer Dr. Jean-Pierre Schmit op hire Klang gepréift ginn. Den 28. November 1965 huet de Generalvikar Jean Hengen d'Klacke geweit.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Nikloskierch zu Koplescht – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).