Niklosbierg

Lieu-dit a Bierg 2 bei Veianen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Niklosbierg (lokal: Niklosbärig[1]) ass e Lieu-dit an e 497 m héije Bierg 2 km westnordwestlech vu Veianen, op deem Ufanks der 1960er Joren déi zwéin iewescht Basenge vum Pompelspäicherwierk vun der Our ugeluecht goufen. D'Basenge leien gréisstendeels an der Gemeng Veianen, kleng Deeler an de Gemengen Tandel a Pëtschent.

Niklosbierg
Niklosbärig
Niklosbierg parking.jpg
De Lieu-dit an de Parking um Niklosbierg (2008)
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Niederwiltz
de: Niederwiltz
Land Lëtzebuerg
Kanton Veianen
Gemeng Blason de Vianden.svg Veianen
Coat of arms tandel luxbrg.png Tandel
Coat of arms putscheid luxbrg.png Pëtscht
Buergermeeschter

Claude Tonino


Ali Kaes (CSV)
Roger Zanter
Koordinaten 49°56'31,992"N, 6°10'10,992"O
D'Trap déi op den Aussiichtstuerm iwwer de Basengen eropféiert

Den Däich, déi ronderëm d'Basenge leeft, ass 4,6 km laang. D'Basengen hunn e Volumen vu 7,2 Mio m3. De Wee, op der Kroun vum Däich, ass op enger Héicht vu 511 Meter.

Et kann een déi Basenge kucke goen, et fiert e Bus vu Veianen aus op den Niklosbierg, wou och e Parking ass. Vum Parking aus féiert eng Trap erop op en Aussiichtstuerm iwwer dem Baseng. Den exakt 5 km laangen Tour ronderëm d'Basengen ass e beléiften Trëppeltour an Joggingsparcours mat schéine Vuen op d'Géigend ronderëm.

FotoalbumÄnneren

 
Vue op e Baseng vum Pompelspäicherwierk
 
Den Niklosbierg vum Groesteen aus gesinn - 1.04.2008

Um SpaweckÄnneren

Commons: Niklosbierg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an NottenÄnneren

  1. Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise. Gekuckt de(n) 14.06.2020.