Nikloskierch vu Lëtzebuerg

(Virugeleet vu(n) Nikloskierch)
Nikloskierch
Uertschaft / Plaz Uewerstad
Par Par Weimeschkierch
vun 1166 un Mënsterabtei
Numm / Patréiner Hl. Niklos
Baujoer ëm 1140
Kierchen - Kapellen

D'Nikloskierch an der Stad Lëtzebuerg war eng Kierch, déi fréier um Neie Maart, haut als Krautmaart bekannt, stoung. Si geet zeréck op eng Kapell, déi de Stater Bierger Hezelo ëm 1140 gestëft huet. Hir Wichtegkeet huet d'Nikloskierch deen Ament kritt, wéi d'Stad sech am 12. Joerhonnert no Westen ausgebreet huet.

Si huet eigentlech zur Par Weimeschkierch gehéiert, mä den Hezelo huet am Joer 1166 duerchgesat, datt d'Kierch vu Weimeschkierch getrennt an un d'Mënsterabtei iwwerdroe gouf[1]. Dem J.P. Koltz no gouf dësen Transfert den 28. Mäerz 1225 vum Äerzbëschof vun Tréier, deen och fir Lëtzebuerg zoustänneg war, confirméiert[2]. Kiercherechtlech, preziséiert de Michel Schmitt, hätt d'Verbindung mat der Par Weimeschkierch awer bis 1585 weiderbestanen[3].

Nieft der Kierch war e Kierfecht. Do ass am Joer 1660 de Jesuittepater Jacques Brocquart, de Grënner vun der Muttergottesoktav, begruewe ginn.

Vu 1673 bis 1717 huet d'Niklospar sech zu der gréisster a wichtegster Par an der Stad entwéckelt. D'Kierch selwer ass awer kleng a bescheide bliwwen; si hat wéineg Prestige, besonnesch am Verglach mat der Franziskanerkierch um Knuedler an der 1621 geweiter Jesuittekierch nieft dem Kolléisch. Mëtt vum 18. Joerhonnert huet d'Kierch ugefaangen, vill ze vill kleng an och baufälleg ze ginn, an et gouf decidéiert, se ofzerappen. D'Ofrappaarbechten hunn am Hierscht 1778 ugefaangen a waren am Mäerz 1779 fäerdeg[4].

Nodeem de Jesuittenuerden 1773 vum Poopst opgeléist gi war, stoung d'Jesuittekierch, déi haiteg Kathedral, zur Dispositioun, an d'Iddi koum op, déi verstaatlecht Kierch der Niklos-Par z'iwwerloossen. Den 29. Abrëll 1778 huet d'Keeserin Maria Theresia hir Awëllegung dozou ginn, an den 10. Mee 1778 ass ënner dem Paschtouer Paul Feller de Par-Sëtz vu Sankt Niklos an déi Kierch, déi méi grouss war, verluecht ginn[5],[6]. Sou erkläert et sech, firwat d'Kathedral bis an dat 20. Joerhonnert am Volleksmond "Nikloskierch" genannt gouf[7][8]. Offiziell huet déi nei Parkierch "St. Niklos a St. Theresia" — Pfarrkirche zum heiligen Nikolaus und zur heiligen Theresia (als Merci un d'Keeserin Maria-Theresia) — geheescht[5].

De Kierfecht vun der Nikloskierch gouf 1779 op de Lampertsbierg verluecht[9]; dofir gëtt de Lampertsbierger Kierfecht nach haut Nikloskierfecht genannt[8].

Literatur

änneren
  • Faltz, M., 1920. Heimatstätte U.L. Frau von Luxemburg, einst und jetzt. 1.-3. Tausend. Luxemburg, 172 S.
  • Koltz, J.P., 1970. Baugeschichte der Stadt und Festung Luxemburg. Luxemburg, 743 S.
  • Lascombes, F., 1988: Chronik der Stadt Luxemburg: 1684-1795. Luxemburg, 576 S.
  • Schmit, M., 1997. Die Sankt-Nikolaus-Kirche am Neumarkt. an ons stad: 54, S. 2-5. Artikel am Pdf-Format

Referenzen

änneren
  1. Koltz 1970, S. 179, S. 194.
  2. Koltz 1970, S. 79.
  3. Schmitt 1997, S. 2.
  4. Koltz 1970, S. 404.
  5. 5,0 5,1 Faltz 1920, S. 57ff.
  6. Lascombes 1988, S. 381f.
  7. P.J. Muller: Tatsachen aus der Geschichte des Luxemburger Landes. Luxembourg 1968, S. 158.
  8. 8,0 8,1 E. Feitler: Luxemburg, deine Heimatstadt. 2. Auflage. Luxemburg 1954, S. 106.
  9. Lascombes 1988, S. 383f.