D'Kierch vun Housen ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Parc Our Saint-Nicolas, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Parc Housen gehéiert.

Kierch vun Housen

Uertschaft / Plaz Housen
Par Parc Our
Saint-Nicolas
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Niklos
Koordinaten 50° 00’ 57.8’’ N
      06° 05’ 28.4’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner ass den hellegen Niklos, deem säi Fest de 6. Dezember gefeiert gëtt.

D'Kierch steet op der Haaptstrooss, der N7, nieft dem Gemengenhaus.

Zur fréierer Par Housen hunn ausser der Parkierch vun Housen och nach d'Kapell zu Housen an d'Filialkierch zu Duerscht gehéiert.

Geschicht änneren

D'Kierch gouf am Joer 1748 ënner dem Paschtouer Mathias Feyder gebaut. Vum 16. op de 17. Dezember 1944 ass se verbrannt, gouf awer nees an d'Rei gesat.

Klacken änneren

Am Kierchtuerm hänken 3 Klacken déi an den Téin es', f', g' lauden.

Fënsteren änneren

D'Fënstere sinn e Wierk vum Glaskënschtler Gustave Zanter aus dem Joer 1956.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Nikloskierch zu Housen – Biller, Videoen oder Audiodateien