Nikloskapell vu Veianen

D'Nikloskapell zu Veianen ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Parc Our Saint-Nicolas, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Veianen gehéiert.

Nikloskapell
vu Veianen
D'Nikloskapell (2012)

D'Nikloskapell (2012)
D'Nikloskapell (2012)
Uertschaft / Plaz Veianen
Par Parc Our
Saint-Nicolas
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Niklos
Baujoer 1724
Koordinaten 49° 56’ 2.9’’ N
      06° 12’ 29.4’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner vun der Kapell ass den hellegen Niklos, deem säi Fest de 6. Dezember gefeiert gëtt.

D'Kapell steet an der Veianer Ënnerstad, op der Kräizung vun der N10 (rue de la Gare a Grand-Rue) mat der rue Théodore Bassing, zirka 40 m vun der Bréck iwwer d'Our.

Zur fréierer Par Veianen gehéieren ausser der Nikloskapell och nach d'Parkierch vu Veianen, d'Rochuskapell, d'Kapell Notre-Dame (Bildchen) an d'Filialkierch vu Biwels.

D'Nikloskapell ass zanter 1938 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen.[1]

Geschicht änneren

1248 koumen d'Trinitarier op Veianen an hunn d'Spidol iwwerholl, dat de Grof vu Veianen baue gelooss hat. Virdru war Veianen en Deel vun der Par Ruet, déi vun den Tempelhäre geféiert gouf.

Sou gouf 1256 Veianen nei opgedeelt. D'Uewerstad war vun do un eng eege Par, déi vun den Trinitarier geleet gouf, d'Ënnerstad blouf bis 1801 Filial vun der Par Ruet an d'Templer hunn eng 50 Meter ënner der Our-Bréck eng eege Kierch gebaut, déi ufanks den Numm "Capella militum" hat. Nodeem den Templeruerden 1312 opgeléist gouf, an d'Johanniter zu Ruet d'Par iwwerholl haten, krut d'Kapell den Numm Nikloskapell.

Lénks nieft der Kapell gouf 1545 e Kierfecht ugeluecht, dee 1645 nach vergréissert a bis 1784 benotzt gouf, haut awer net méi do existéiert.

D'Gebai änneren

Um Ufank war d'Kapell eng Halekierch (mat engem Raum), eréischt méi spéit ass de Chouer an d'Sakristei bäigebaut ginn. 1723 koum et an der Virstad zu engem Brand, bei deem d'Kapell an dee gréissten Deel vun der Virstad d'Affer vun de Flame goufen. Schonn ee Joer drop war d'Kapell nees opgebaut. D'Kapell hat dunn en typescht gotescht Kräizrëppegewëllef. D'Gestaltung vun der Agangsfassad gouf 1907 vum Charles Arendt nei gemaach. Vun 1969 bis 1974 gouf d'Kapell restauréiert.

De Chronogramm änneren

SANCTE TVOS CHRISTOS NICOLAE TVERE CLIENTES CORPORIS AC ANIMAE TVTOR ORARE POTENS (Wiechter Niklos, protegéier déi, déi der uvertraut sinn, mächtege Beschützer, biet fir Leif a Séil!)
Dëse Chronogramm vu 1724 iwwer dem Agank war am Ufank baussen iwwer der Dier ubruecht.

Den Altor änneren

Den Altor an der Nikloskapell ass e Barockaltor vu 1768. Op dem Antependium vum Altor ass an engem Dräieck en A ze gesinn, d'Symbol vun der Dräifaltegkeet, ëmgi vu Liichtstralen an engem Kranz. De Retabel mécht en Hallefkrees agerummt vun Eckpottoen a Sailen. Op der geschnëtzter Dier vum Tabernakel ass e Kielech mat enger Hostie mat Drauwen. Doriwwer steet eng Statu vum hellegen Niklos. Zu senge Féiss kommen dräi zum Liewen erwächt Jongen aus dem Faass. Den Ofschloss vum Altor ass eng Kartusch mat der Zuel 1768, d'Joer, an deem den Altor gebaut gouf. U sengen ornamentalen Detailer gesäit een den Afloss vum Ettelbrécker Sculpteur Michel Weiler, et soll awer der Iwwerliwwerung no e Wierk vum Veianer Sculpteur Fischer sinn.

De Bommenzinnes änneren

An der lénkser Säitemauer steet zanter 1989 déi original Statu vum hellege Nepomuk, am Volleksmond Bommenzinnes genannt, déi e Wierk vun de Veianer Sculpteure Fischer an Thillen si soll. D'Statu op der Our-Bréck ass nëmmen eng Kopie.

Klacken änneren

Am Dachreider hänken zwou Klacken. Eng Marieklack an "do" vu 1624 an eng Niklosklack a "sol" vun 1873.

Literatur änneren

  • Pierre Bassing: Vianden in seinen Kirchen, Kapellen und sakralen Kunstschätzen, Veiner Geschichtsfrënn, 1983
  • Michel Schmitt, Die Viandener Kirchen und Kapellen, 31 S., Regensburg 1997 (Kleine Kunstführer, Nr. 2309)

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Nikloskapell vu Veianen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Biller änneren

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).