Houseker

Gesell vum Kleeschen

Den Houseker ass eng Seeërchersfigur, deen als Gesell vum Kleeschen um Virowend vum 6. Dezember optrëtt. Seng Aufgab ass et dem Brauch no, de Kanner Angscht ze maachen an se ze bestrofen, wa se sech net geschéckt hunn.

1953: En Houseker am Elsass

Den Numm änneren

Zu Lëtzebuerg kennt een den Houseker ënner verschiddene Nimm. Am ieweschten Éislek gëtt (oder gouf) e Ruppert, Schwaarzen, Pelzebock oder Hans Muff genannt. Dem Alain Atten no geet den Numm "Houseker" op d'Zäit vum Klëppelkrich zeréck, an zwar op d'Leit vun der Klëppelarméi, déi hiren Haaptquartéier zu Housen haten. "Houseker" wier deemno "ee vun Housen", e Klëppelmann.[1]

Nom Nico Thewes kennt den Numm Houseker, am Miseler Dialekt "Husiker", etymologesch vum mëttelhoudäitsche Wuert die hosecke oder die husicke, dat ee mat Mantel iwwersetze kann. Am Géigesaz vum Kleeschen, huet den Houseker keng Mitra un, mä nëmmen e Mantel. Ob am Mëttelhoudäitschen d'Wierder "hosecker" oder "husicker" och an anere Géigende bekannt waren, léisst sech haut net méi soen.[2]

Den Edmond de la Fontaine nennt nach aner Nimm: An der Stad Lëtzebuerg gouf dem Kleesche säi Gesell fréier Kibo genannt, an um Land, zum Beispill am Éislek, housécher Bock.[3] Zu Iechternach gouf vum Husiger oder Husiger Man geschwat. Zu Veianen gouf/gëtt e Pelzebock genannt, grad wéi an der Géigend ëm Saarburg.

Wéi den Houseker duergestallt gëtt änneren

Dem Hellege Niklos säi Gesell gëtt virun allem mat geschwäerztem Gesiicht a laange schwaarzen Hoer duergestallt, an huet dacks e brongen oder schwaarze Rack un. A sengem Grapp huet en eng Ketten, mat där en de Kleeschen a sech ukënnegt. Wärend de Kleeschen d'Kanner mat Orangen, Nëss a Kaddoe beloune soll, ass dem Houseker seng Roll, d'Kanner ze bestrofen, wa se net brav waren. Dofir verdeelt e Rudden, déi a Peffer a Salz oder an Esseg gezappt goufen. Iwwer d'Schëller huet en e Sak hänken, an deen d'Kanner gestach ginn, wa se sech guer net geschéckt hunn.

Fréier hat den Houseker och nach eng Hechel iwwer de Réck gestréckt. Doriwwer schreift den Dicks a sengem Luxemburger Sitten und Bräuche dat heiten:

"Zu bemerken ist, daß die Hechel, welche der Hǒséker trägt, weniger den Kindern – für die ja der Sack oder die Ruthe bestimmt ist – als den Spinnerinnen gilt; denn alle diejenigen Frauenzimmer, welche zu dieser Zeit noch keine sechs Spulen voll gesponnen haben, werden unsanft auf die Hechel gesetzt."

Den Houseker an anere Länner änneren

 
Krampusse vu Salzburg

An anere Länner trëtt de Kleeschen och mat engem Gesell op. Hei ënnerscheede sech déi donkel Gesellen awer dacks, net nëmmen duerch hiren Numm:

  • Holland: Hei nennt een en de Zwarte Piet (schwaarze Péiter). An der Seechen ass hien e Sklavekand aus den afrikanesche Länner, dat vum Sinterklaas d'Fräiheet geschenkt krut an als Merci säi Gesell gouf. Am Géigesaz zu de gezeemten Däiwelen, gëtt de Schwaarze Péiter gréisstendeels positiv duergestallt. An de leschte Jore gouf dee Personnage awer ëmmer méi staark vu Leit kritiséiert, déi em e kolonialisteschen, wann net souguer rassisteschen Hannergrond virwerfen[4]. Deem gëtt zum Deel duerch d'Erfanne vun neie "Pieten" entgéintgewierkt; sief et der an anere Farwen, oder där mat bestëmmten Attributer.
  • Däitschland: De Knecht Ruprecht ass am nërdlechen a mëttleren Däitschland den Numm vum Kleesche sengem Gesell. Hie gläicht dem Mann mat der Séissel an erënnert un den Doud.
  • An den éisträichesch-bayreschen Alperegiounen: Hei kritt de Kleeschen Hëllef vu Wiesen, déi ee Krampus nennt. Si verkierperen den Däiwel oder soss Schreckgestalten aus der Ënnerwelt. Si begleeden de Kleeschen a gréissere Gruppen, déi een da Pass nennt. Si gi ganz pelzeg duergestallt. Hir Gesiichter sinn elle Fratzen an um Kapp hu se Haren, déi u Geessen erënneren.
  • A Frankräich, besonnesch am Norden an a Loutréngen, wou d'Bevëlkerung laang bal reng kathoulesch war, gouf/gëtt den Houseker "Père fouettard" genannt. Am Elsass, allerdéngs, nennen d'Katholiken den Houseker wéi hir däitsch Noper an der Pfalz respektiv a Baden-Württemberg. An anere Géigenden ass den Houseker kaum nach bekannt, och wann d'Wuert "Père fouettard", am Sënn vu "Kinderschreck", nach ëmmer geleefeg ass.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Houseker – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wiktionnaire: Houseker Definitioun, Synonymmer an Iwwersetzungen

Referenzen änneren

  1. Alain Atten: Néierewou. En Heckebuch. Mat Biler vum Pe'l Schlechter. Lëtzebuerg: Éditions Kremer-Muller, 1992, S.143.
  2. Nico Thewes, Etymologesch Notiz iwwer den "Housécker", Luxemburger Wort, 6.12. 2014, S. 23. Hie bezitt sech op d'"Mittelhochdeutsches Lexikon" vum Matthias Lexer (S. Hirzel Verlag, Stuttgart)
  3. Edmond de la Fontaine: Luxemburger Sitten und Bräuche (2. Auflage), Säit 12: St. Nikolaus (6. Dezember)
  4. "4 reasons to reject the racist Dutch tradition of Zwarte Piet" washingtonpost.com, 2014-12-05.