Kierch Réimech

Kierchegebäi zu Réimech

D'Kierch zu Réimech ass eng kathoulesch Kierch zu Réimech. Et ass d'Parkierch vun der Par Dräilännereck Musel a Ganer Saint-Nicolas.

Kierch vu Réimech
Parkierch vu Réimech (2013)

Parkierch vu Réimech (2013)
Parkierch vu Réimech (2013)
Uertschaft / Plaz Réimech
Par Dräilännereck Musel a Ganer
Saint-Nicolas
Dekanat Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Stephanus
Koordinaten 49° 32’ 42.1’’ N
      06° 21’ 49.3’’ O
Kierchen - Kapellen
D'Par- an Dekanatskierch Réimech

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Stephanus, deem säi Fest de 26. Dezember gefeiert gëtt (Stiefesdag). De Patréiner vu Réimech ass den hellege Cunibert. Säi Festdag gëtt den 12. November gefeiert. De Patréiner vun der Par ass den hellegen Niklos.

D'Kierch steet op der Kräizung vun der rue de la Gare (CR152A) mat der rue de l'Église (CR152).

Den 28. Juli 1989 gouf se op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen.

Klacken änneren

Am Klackentuerm hänke 5 Klacken, déi an den Téin H°, d', e', fis' an a' lauden. D'Klacke si vun 1964 a goufe vun der Äifeler Klackegéisserei gegoss a vum Bëschof Lommel geweit.

All Klack huet e Patréiner an domat och en Numm:

  • De Bourdon am Toun H° ass der Tréischterin am Leed geweit.
  • Déi 2. Klack am Toun d' ass dem hellegen Urbanus geweit.
  • Déi 3. Klack am Toun e' ass dem hellege Kunibert geweit.
  • Déi 4. Klack am Toun fis' ass der helleger Anna der (Mamm vun der Maria) geweit.
  • Déi 5. Klack am Toun a' ass dem hellegen Niklos geweit, dem Patréiner vu Réimech.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Réimech – Biller, Videoen oder Audiodateien