Hannert dem Atlantik ass e Roman op Lëtzebuergesch vum Guy Rewenig, deen 1985 bei den Éditions Phi erauskoum.

Et ass dem Rewenig säin éischte Roman op Lëtzebuergesch an dee véierte Roman op Lëtzebuergesch iwwerhaapt (nom Adolf Berens senger Kerfegsblo'm (1921), dem Siggy vu Letzeburg sengem Ketten (1928) an dem Ferd Gremling sengem Dohêm (1948).).

Ëm wat geet et am Roman? änneren

De Roman erzielt Episoden aus dem Liewe vum Jhemp Medinger, engem ongeléierten Hëllefsaarbechter aus dem Minett. D'Handlung spillt, wéi e seng Pensioun kritt, ma et gëtt eng Rëtsch Réckblécker op seng Kandheet am Exil a Frankräich, wärend dem Krich, seng Jugend, seng verschidde Schaffplazen, dorënner déi um Bau, als Zeitungsdréier, Autoszielert bei de Ponts-et-Chaussées oder als Drecksmännchen. Hien ass säi Liewe laang net richteg zu Wuert komm, war dacks deenen aneren hire Stoussnéckel, an huet eréischt mat der Zäit erkannt, datt en iwwerall ugeschmiert gouf.

De Stil ass mol realistesch, mol satiresch; et gëtt länger Beschreiwungen, Dialogen a Monologen.

Duerch d'Sprooch ginn och d'Sproochebarrièrë gewisen, déi gläichzäiteg sozial Barrièrë sinn, z. B. wann de Jhemp mat de franséische Léinwierder an den Discoursë vu sengem Patron, enger Professesch oder dem Buergermeeschter net eens gëtt.

Hannert dem Atlantik gouf mam 1. Präis vum nationale Literatourconcours 1984 ausgezeechent.

Literatur änneren

  • Guy Rewenig: Hannert dem Atlantik. Roman. Éditions Phi, lechternach, 1985. 232 Säiten

Um Spaweck änneren