Goss (Roman)

Roman vum Guy Revenig
Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Goss ass e Roman a Lëtzebuerger Sprooch vum Guy Rewenig, deen 2024 bei den Editions Guy Binsfeld erauskoum.

Goss
Auteur Guy Rewenig
Erauskomm November 2024
Verlag Éditions Guy Binsfeld
Sprooch Lëtzebuergesch

Wourëms geet et am Roman?

änneren

De Sascha Rink, am Ufank vum neie Joerdausend gebuer, muss, als ewell 24-järegen, aus beruffleche Grënn säi Liewenslaf schreiwen. Hie léist säin turbulent Liewe revue passéieren. Ma wat ass richteg geschitt, a wat ass erfonnt, an ass dat iwwerhaapt (nach) wichteg?

Hie verzielt iwwer seng Kandheet a Jugend, a wéi e geschwë geléiert huet, seng Elteren, déi gescheet sinn (d'Mamm huet e Coiffeurssalon, de Papp ass Assurancenagent), ze duerchkucken, a vun hire Schwächten ze profitéieren. Séier mierkt en och, dass ee mat Geschwätz an Erzielungen d'Leit manipuléiere kann, an dass d'Wourecht dobäi net wichteg ass, soulaang een dat erreecht, wourop een eraus wëll ...

Goss gehéiert zu der Gattung Schelmenroman. De Rewenig hat schonns uganks vun den 2000er Joere mat der "Trilogie vum klengen Hellegen" (Frëndlech Banditten, Zikatriss a Lackéiert Elefanten) Romaner an deem Genre geschriwwen.

Rezeptioun

änneren
  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

De Jeff Schinker lueft Goss am Lëtzebuerger Land[1] als:

"[...] definitv, mat e puer Ofstrécher, ee méi wéi gelongene Comeback [v]um Lëtzebuerger Roman, deen een zyneschen, batteren, ma oft touchanten an éierleche Portrait vum Iwwerliewen an engem ëmmer méi sënnlosen a lächerlechen 21. Joerhonnert zeechent."

Literatur

änneren

Um Spaweck

änneren
  • Fiche op autorenlexikon.lu.

Referenzen

änneren
  1. Jeff Schinker: " 'Ech simuléieren ëmmer méi'." d'Lëtzebuerger Land, 72.Jg. Nr.1, 03.01.2025, S.19.