A:LL Schrëftsteller*innen
A:LL Schrëftsteller*innen (an der Kuerzform: A:LL fir Associatioun: Lëtzebuerger Literatur) ass eng asbl, déi ufanks Oktober 2020 gegrënnt gouf.
A:LL Schrëftsteller*innen | |
---|---|
Hiert Zil ass et, d'Interesse vu Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller vu Lëtzebuerg ze vertrieden, z. B. vis à vis vu staatlechen Instanzen, wat hire Status, Aarbechts- a Sozialkonditioune betrëfft. Och solle méi Jonker agebonne kënne ginn. Si hëlt d'Relève vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband, dee véier Joer virdrun opgeléist gouf[1], a riicht sech u Schrëftsteller, déi zu Lëtzebuerg am Kader vun engem professionelle Parcours enger reegelméisseger literarescher Aktivitéit noginn.
Bei der Grënnung ware follgend Leit derbäi: Am Verwaltungsrot waren de Jean Back, d'Ulrike Bail, den Tullio Forgiarini, de Gast Groeber, de Samuel Hamen, d'Susanne Jaspers, de Francis Kirps, d'Claudine Muno, d'Anne-Marie Reuter, d'Nathalie Ronvaux, de Jeff Schinker, d'Elise Schmit an de Ian De Toffoli. Weider Grënnungsmembere sinn den Nico Helminger an d'Nora Wagener. Éieremembere sinn de Pol Greisch, de Jhemp Hoscheit, den Nico Helminger, d'Josiane Kartheiser, d'Colette Mart, de Lambert Schlechter an d'Margret Steckel[1].
Memberen
änneren- Jean Back
- Ulrike Bail
- Serge Basso de March
- Jean Beurlet
- Romain Butti
- Ian De Toffoli
- Anja Di Bartolomeo
- Tullio Forgiarini
- Bernd Marcel Gonner
- Gast Groeber
- Samuel Hamen
- Guy Helminger
- Susanne Jaspers
- Chantal Keller
- Francis Kirps
- Carine Krecké
- Maryse Krier
- Jean-Marc Lantz
- James Leader
- Anna Leader
- Charles Meder
- Roland Meyer
- Claudine Muno
- Tom Nisse
- Antoine Pohu
- Anne-Marie Reuter
- Guy Rewenig
- Léon Rinaldetti
- Nathalie Ronvaux
- Marco Schank
- Jeff Schinker
- Elise Schmit
- Jemp Schuster
- Luc Spada
- Claire Thill
Um Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ 1,0 1,1 Mathilde Obert: "Les écrivains s'associent pour défendre leur statut." paperjam.lu, 5.10.2020.