Feierläscher ass e Roman a Lëtzebuerger Sprooch vun der Tania Naskandy (e Pseudonym vum Guy Rewenig). E koum 2010 an den Editions Ultimomondo eraus.

Ëm wat geet et am Roman? änneren

De Manou Mangen ass e professionellen Tréischter: Hie besicht Clienten, fir se stonneweis, als Déngschtleeschtung, ze tréischten: Sief et, hinnen nozelauschteren an an allem Recht ze ginn, sech vun hinnen d'Hand op de Kapp leeën ze lossen, oder hinne beim Schreiwe vun anonymme Bréiwer d'Feeler verbesseren ze hëllefen. Ma him fält et schwéier, déi néideg Distanz ze halen, a fillt sech ëmmer méi mat eragezunn...

Literatur änneren

Um Spaweck änneren