Zikatriss (Andante). Roman [Trilogie vum klengen Hellegen 2] ass e Roman a Lëtzebuerger Sprooch vum Guy Rewenig, deen 2001 bei den Editions Phi erauskoum.

Wourëms geet et am Roman? änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

An der Kader-Erzielung vun Zikatriss fiert de Josy Klemm virun, der Kommissioun Pro sanctum vivum säi Liewen z'erzielen, fir de Permis als Hellegen ze kréien. Hie beschreift wéi e sech mat allerlee klengen Aarbechten duerchschléit, déi him e Bléck an déi Lëtzebuerger Gesellschaft erlaben: als Magasinier an engem Erotikversand, als ... am Escher Conservatoire, als Homme à tout faire an de Stéit vun der Bourgeoisie, oder als Parfumsverkeefer...

Soss änneren

Zikatriss ass d'Suite vu Frëndlech Banditten an de Virleefer vu Lackéiert Elefanten am Rewenig senger "Trilogie vum klengen Hellegen".

Kriticken änneren

Dem Rewenig säi moralesche Bléck passt neeleg op eng Lieserschaft vu Léierinnen an Zozialaarbechter, déi fair gehandelte Schluutche kachen, hiren Dreck sënneren, gréng wielen a soss keng Suergen hunn. Hie mécht de Geck mat hierem Therapiegezaubers a jéimert [...] mat hinnen iwwer de Verloscht, "datt [d']Taia keng Anung hat, firwat e Palestinenserschal Palestinenserschal heescht". [...] Wa säin Hellegen iwwer d'Plo vum Schoulhale klot, verzielt de fréiere Schoulmeeschter Rewenig vläicht eng Grëtz vu sech selwer.

Literatur änneren

  • Guy Rewenig: Zikatriss (Andante). Roman [Trilogie vum klengen Hellegen 2] Iechternach: Editions Phi, 2001. ISBN 3-88865-183-2.

Um Spaweck änneren

  • Fiche op autorenlexikon.lu.

Referenzen änneren

  1. Romain Hilgert: "Dem hellege Jousef säin Handwierk".. In: d'Lëtzebuerger Land 05.04.2002, S. 19.