Lackéiert Elefanten (Allegro vivace). Roman [Trilogie vum klengen Hellegen 3] ass e Roman a Lëtzebuerger Sprooch vum Guy Rewenig, deen 2001 am Verlag ultimomondo erauskoum.

Lackéiert Elefanten

Wourëms geet et am Roman? änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

An der Kader-Erzielung vun Lackéiert Elefanten fiert de Josy (ewell "Josephus") Klemm virun, der Kommissioun Pro sanctum vivum säi Liewen z'erzielen, fir de Permis als Hellegen ze kréien. Hie beschreift, wéi en "mat Leif a Séil an den Universum vun de Fraen" andaucht, a seng Bezéiungen zu net manner wéi sechs Fraen zu der selwechter Zäit...

Soss änneren

Lackéiert Elefanten ass, no Frëndlech Banditten an Zikatriss, den drëtten a leschten Deel vum Rewenig senger "Trilogie vum klengen Hellegen".

Kriticken änneren

An et huet een den Androck, datt een déi kleng Welt vun de Rewenig-Figuren aus sengen anere Bicher schons kennt: déi eppes naiv Antihelden, déi béis Patrongen, déi gutt Auslänner, déi häerzlech al Kämpfer, déi hysteresch Fraen, déi opgeblose Bourgeoisen, déi alternativ Geseemsfréisser... [...] Déi musikalesch Konschtruktiou vun där Trilogie verstoppt och nëmme schlecht, datt déi Hellegegeschicht eppes wéi e razege Chrëschtbeemchen ass, un deem de Rewenig e sëllege Spiichten hängt, déi em grad duerch de Kapp goungen. An der Haaptsaach geet et ëm dem Schrëftsteller säin eegene Milieu, ëm d'Leit vum Konschtzirk, vum Film, vum Theater, vun der Televisioun, also ëm „d'Essenz vun der letzebuergescher Kultur"...

Literatur änneren

  • Guy Rewenig: Lackéiert Elefanten (Allegro vivace). Roman [Trilogie vum klengen Hellegen 3]. Nouspelt: ultimomondo, 2001. ISBN....

Um Spaweck änneren

  • Fiche op autorenlexikon.lu.

Referenzen änneren

  1. Romain Hilgert: "Dem hellege Jousef seng helleg Madeléin." In: d'Lëtzebuerger Land, 14.06.2002, S. 16.