West Side Story
Film | |
---|---|
Produktiounsland | USA |
Produktiounsjoer | 1961 |
Technicolor | |
Format |
70 mm Panavision |
Originalsprooch | Englesch/Spuenesch |
Ekipp | |
Regie |
Robert Wise Jerome Robbins |
Dréibuch |
Ernest Lehman nom Theaterstéck vum William Shakespeare |
Fotografie | Daniel L. Fapp |
Musek |
Leonard Bernstein fir de Film och vum Saul Chaplin |
Produzent |
Robert Wise Mirish Pictures United Artists |
Schauspiller | |
Natalie Wood als Maria Richard Beymer als Tony Russ Tamblyn als Riff Rita Moreno als Anita George Chakiris als Bernardo Ned Glass als Doc Simon Oakland als Lt. Schrank | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
De Musical
ännerenDe Musical West Side Story gouf vum Arthur Laurents (Geschicht) a Stephen Sondheim (Dialogen) nom Theaterstéck Romeo a Julia vum William Shakespeare, geschriwwen. D'Musek huet de Leonard Bernstein komponéiert an d'Choreographie ass vum Jerome Robbins.
De Musical ass fir d'éischt am Winter Garden Theater um Broadway zu New York de 26. September 1957 opgefouert ginn. De Succès vum Stéck war grouss, an et huet et op 732 Opféierunge bruecht.
De Film
ännerenDuerch de grousse Succès um Broadway gouf de Musical vum Robert Wise a Jerome Robbins verfilmt.
D'Geschicht vu Romeo a Julia spillt am Musical an den 1950er Joren zu New York. D'Rivale sinn am Musical keng Adleg, mä zwou Gruppe vu Jugendlechen. Déi eng Säit déi amerikanesch Jets an déi aner Säit déi puerto-ricanesch Sharks. Déi zwou Clique leie stänneg am Sträit, bis den Amerikaner Tony (Richard Beymer) sech an d'Puerto-Ricanerin Maria (Natalie Wood) verléift……
Iwwer de Film
ännerenD'Titele vum Film, déi als Strécher um Ecran ufänken an zum Schluss de Quartier an deem de Film sech ofspillt, aus der Luucht weisen, si vum Saul Bass gemaach ginn.
De Film ass op enger duebeler DVD an op Bluray erauskomm.
De Film an de Medien
ännerenSo the dancing is remarkable, and several of the songs have proven themselves by becoming standards, and there are moments of startling power and truth. "West Side Story" remains a landmark of musical history (Roger Ebert, amerikanesche Filmkritiker)
Gielercher
änneren- De Film krut am Joer 1962: 10 Oscaren, ënner anerem:
- Beschte Filmregie: Robert Wise a Jerome Robbins
- Beschte weiblech Nieweroll: Rita Moreno
- Beschte männlech Nieweroll: George Chakiris
- Dräi Golden Globen (1962):
- fir de Robert Wise, de George Chakiris an d'Rita Moreno
- New York Film Critics Circle Awards: Beschte Film vun 1961
Um Spaweck
ännerenCommons: West Side Story – Biller, Videoen oder Audiodateien |