Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

E Vogt war am däitsche Sproochgebrauch en dacks adelegen Här deen, am Mëttelalter an eventuell nach an der fréier Neizäit, ee Geeschtlechen oder eng kierchlech Institutioun viru Geriicht vertrueden huet. De franséischen Numm dofir war avoué (lat. advocatus), d. h. Vertrieder, Verdeedeger.

Am däitschsproochege Raum koum, awer réischt am 13. Jh., de Begrëff Landvogt op. Sou e Landvogt war e Beamten, dee vum Herrscher mat Verwaltungskompetenzen an engem bestëmmte Gebitt vum Land ausgestatt gouf. Déi Funktioun, déi näischt mam Vogt am éischte Sënn ze dinn huet, kann, jee nodeem, mat der Funktioun vun engem - allerdéngs spéidere - Probst (fr. prévôt) oder, wann de Verwaltungsbezierk méi grouss war, mat där vun engem bailli verglach ginn.

Funktion änneren

A weltlechen Affären gouf schonn am Fréimëttelalter e geeschtlechen Här, eng Kierch, e Klouschter asw. vun engem Vogt vertrueden.

De Vogt war e Laien, dee fir "säi" Geeschtlechen oder fir "seng" kierchlech Institutioun viru Geriicht gestridden huet. Hien huet och d'Kierchegidder verwalt.

Zanter der Mëtt vum 9. Joerhonnert ass d'Amt vum Vogt als ierflecht Lehen (= Amtslehen) un den héijeren Adel gaangen.

Den "Ardennegrof" Siegfried, deen an eiser Géigend verschidde Gidder hat an deen um Urspronk vun der Lëtze-Buerg ass, war Vogt, ouni awer do eppes ze besëtzen, souwuel vun der Abtei Iechternach wéi och vun der Abtei Sankt Maximin vun Tréier.

Literatur änneren

  • Eberhard Büssem & Michael Neher (Herausgeber), Arbeitsbuch Geschichte : Mittelalter (3. bis 16. Jahrhundert) - Repetitorium; beaarbecht vum Karl Brunner, 7. verbessert Oplo; München, New York, London, Paräis (K.G.Saur), 1983.
  • Paul Margue, Remarques sur l'avouerie locale en Luxembourg; in: PSH - Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal, Bd. XCVIII; Lëtzebuerg, 1984; Ss. 205-206.