Eisebunnsstreck Scheierbësch-Brucherbierg

Streck vun der Lëtzebuerger Eisebunn

D'Eisebunnsstreck Scheierbësch-Brucherbierg ass eng Eisebunnsstreck zu Lëtzebuerg. Se ass nëmmen 1,32 km laang a mécht d'Verbindung tëscht de Linne 6a a 6c, fir datt d'Zich déi aus dem Weste kommen (Esch-Uelzecht, Schëffleng) a Richtung Rëmeleng oder op d'Streck 6d fuere kënnen, ouni datt se bis an d'Gare Näerzeng an zeréck fuere mussen.

Eisebunnsstreck Scheierbësch-Brucherbierg
D'Streck 6k a Richtung Schëffleng. Am Hannergrond, eng Bréck vun der Collectrice du sud (A13)
Linnennummer 6k
Besëtzer Lëtzebuerg
Bedreiwer CFL
vu(n) Scheierbësch
op Brucherbierg
opgaangen 29. September 1884
Technesch Donnéeën
Längt 1,32 km
Gréisst Steigung 5 ‰
Klengste Radius 375 m
Spuerbreet Normalspuer
Vitesslimitatioun 60 km/h
Zuchsécherungssystem European Train Control System

D'Trass fir d'Eisebunnsstreck Scheierbësch-Brucherbierg gëtt vun der Administration des chemins de fer verdeelt. D'CFL bedreift a geréiert d'Infrastruktur vun der Streck, déi am Besëtz vum Lëtzebuerger Staat ass.

Linn änneren

D'Eisebunnsstreck Scheierbësch-Brucherbierg gëtt als Linn 6k bezeechent. Se leeft parallel mat der Autobunn A13 an der Vëlospist PC6.

Et leie keng Garen op der Streck.

Geschicht änneren

D'Streck ass den 29. September 1884 vun der Compagnie des chemins de fer Prince-Henri (PH) opgemaach ginn, zur selwechter Zäit wéi d'Streck 6d vun Téiteng an de Laangegronn. Se gouf den 29. September 1960 elektrifizéiert.

Biller änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Eisebunnsstreck Scheierbësch-Brucherbierg – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen an Notten änneren