Tunnel Huttbierg

Fréieren Eisebunnstunnel zu Rëmeleng

Den Tunnel Huttbierg (och nach Tunnel Laangegronn) war en eegleisegen Eisebunnstunnel zu Rëmeleng, op der Streck Téiteng-Laangegronn, tëscht der Barriär an der Kierfechtsstrooss an der Bréck am Paartegronn, vum Kilometer 1,876 bis 1,978.

Tunnel Huttbierg
Tunnel Laangegronn
Ostportal vum Tunnel Huttbierg, kuerz ier en ofgerappt gouf (2022)
Typ Eisebunnstunnel
Eisebunnstreck Téiteng-Laangegronn
Technesch Donnéeën
Längt 102 m
Réier 1
Kapp 1
Koordinaten
49° 27’ 44.75’’ N
      06° 01’ 41.09’’ O
Kapp 2
Koordinaten
49° 27’ 45’’ N
      06° 01’ 36.48’’ O
Bau
Opgemaach fir de Verkéier 1884
Geographie
Land Lëtzebuerg
Uertschaften Rëmeleng

Geschicht änneren

Den Tunnel ass den 29. September 1884 opgaangen an d'Streck – déi deemools vun der Guillaume-Luxembourg exploitéiert gouf – gouf am Ufank gebraucht, fir Minett op verschidde Quaie sichen ze goen.

Nom Néiergank vun der Minettsfërderung war et 1964 eriwwer mam Transport vum Äerz. Eréischt 1977, mam Bau vun der deemoleger Intermoselle, krut d'Streck dunn en neien Zweck. Bis haut gëtt se gebraucht fir de Klinker aus dem Laangengronn an d'Zementsfabréck um Monkeler ze féieren. An der Moyenne fueren dräi Zich den Dag mat jee 800 t Klinker vu Rëmeleng op Schëffleng.

1980 gouf d'Streck elektrifizéiert. Am Ufank konnten déi deemoleg elektresch Lokomotiven nach duerch den Tunnel fueren, mä wéi déi al Maschinnen ersat goufen, hunn déi nei net méi duerch den enken Tunnel gepasst an et gouf op Dieselmaschinnen zeréckgegraff. Well ëmmer méi elektrifizéiert gëtt, war virgesinn, datt och d'Linn duerch de Laangegronn elektresch bedriwwe sollt ginn. Fir et den neie Lokomotiven z'erlaben iwwer déi Streck ze fueren, gouf den Tunnel ofgerappt.

Och wann de Gemengerot vu Rëmeleng absënns aus Naturschutzgrënn géint d'Ofrappe vum Tunnel war, ass am Hierscht 2021 domat ugefaange ginn d'Beem uewenzeg vum Tunnel ze haen an den Hank mat enger Stäipmauer ze stabiliséieren. Well mam Ofholzen en Deel vun engem Naturschutzgebitt zerstéiert gëtt, muss d'CFL als Kompensatioun eng Zomm vu 95.000 Euro an den Ëmweltfong bezuelen.

Mëtt Februar 2022 gouf domat ugefaangen den Tunnel ofzerappen, d'Streck nei ze bauen a gläichzäiteg d'Bréck am Paartegronn z'ersetzen. Et ass virgesinn, datt d'Aarbechten am Abrëll 2022 fäerdeg sinn.

Biller änneren

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Tunnel Huttbierg – Biller, Videoen oder Audiodateien