Gare Näerzeng
| |||||
---|---|---|---|---|---|
![]() | |||||
Streck | 6a, 6c | ||||
PK | 4,090 | ||||
Quaien | 2 | ||||
Gleiser | 2 + 1 Stompgleis | ||||
Uertschaft | Näerzeng | ||||
Gemeng | Beetebuerg | ||||
Kanton | Esch-Uelzecht | ||||
Koordinaten | 49° 30’ 29’’ N 6° 03’ 03’’ O | ||||
Websäit | CFL.lu |
D'Gare Näerzeng ass eng Gare op der CFL-Linn 6 tëscht der Gare Beetebuerg, der Gare Keel respektiv der Gare Schëffleng vun der Lëtzebuerger Eisebunn.
D'Linn 6 féiert vu Lëtzebuerg op Beetebuerg a vun do iwwer Näerzeng op Rëmeleng respektiv Esch-Uelzecht, vu wou et op Däitsch-Oth respektiv Rodange geet. Vu Beetebuerg féiert d'Linn 6 och nach op Diddenuewen respektiv op Wuelmereng.
D'Gare Näerzeng huet e gratis Park & Rail-Parking mat 19 Parkplazen.
Nieft deem Parking läit de Bus-Arrêt: Näerzeng-Gare. Dee gëtt vun den RGTR-Linnen 310 (Näerzeng-Lycée Nic-Biever zu Diddeleng iwwer Beetebuerg an zeréck) (Schoulbus) an 168 (Näerzeng - Biergem - Beetebuerg - Deutsch-Luxemburgisches Schengen-Lyzeum zu Perl iwwer Fréiseng an Uespelt) (Schoulbus) an zeréck ugefuer.
D'GebaiÄnneren
D'Gebai vun der Gare ass am Joer 1873 am typesche Stil vun där Zäit gebaut ginn.
2003 gouf et op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen an als Nationalmonument klasséiert.[1]
No Ëmbauaarbechten a Studentewunnengen, tëscht 2009 an 2011, ënner Opsiicht vum Service des sites et monuments nationaux ass et den 23. Februar 2013 a Presenz vun der Kulturministesch Octavie Modert, dem Buergermeeschter vu Beetebuerg Laurent Zeimet an dem CFL-Generaldirekter Alex Kremer nei ageweit ginn. D'Gebai gëtt elo vun Doktorante vun der Uni Lëtzebuerg als Wunneng benotzt.[2]
Zich déi an der Gare halenÄnneren
Aus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung |
Lëtzebuerg |
Beetebuerg | RB
CFL-Linn 6a |
Schëffleng | Péiteng |
Lëtzebuerg | Beetebuerg | RE
CFL-Linn 6a |
Schëffleng | Rodange |
Péiteng | Schëffleng | RB
CFL-Linn 6a |
Beetebuerg | Lëtzebuerg |
Rodange | Schëffleng | RE
CFL-Linn 6a |
Beetebuerg | Lëtzebuerg |
Terminus | Terminus | RB
CFL-Linn 6c |
Keel |
Rëmeleng |
Rëmeleng | Keel | RB
CFL-Linn 6c |
Terminus | Terminus |
Busarrêten bei der GareÄnneren
Gare (nemmen Schulbusser)
Am Duerf (RGTR-Linn 307 a Schoulbusser)
Lohrwies (RGTR-Linn 307 a Schoulbusser)
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Gare Näerzeng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
ReferenzenÄnneren
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 2. Mee 2023).
- ↑ Wort.lu: "Schlafen, lernen und feiern in altem Bahnhofsgebäude." wort.lu, 24.02.13 10:34.
| |||
Lëtzebuerg - Beetebuerg: Lëtzebuerg - Houwald - Bierchem - Beetebuerg |