Intermoselle ass de fréieren Numm vun enger lëtzebuergescher Entreprise, déi an hirem Wierk zu Rëmeleng am Laangegronn d'Basisprodukt fir den Zement, de Klinker, produzéiert.

Si gouf 1973 als Intermoselle S.à r.l. gegrënnt, an 2005 vun der deemoleger Ciments Luxembourgeois (der haiteger Cimalux), déi scho virdrun d'Majoritéit vun de Parten hat, komplett iwwerholl, soudatt s'elo ënner där hirem Numm weiderexistéiert.

An enger Steekaul um Billert an der Géigend vun Ëtteng, op der franséisch-lëtzebuergescher Grenz, gëtt am Dagebau Kalleksteen a Mergel aus dem Buedem geholl. Dee gëtt nach op der Plaz concasséiert, an dann iwwer e Fërderband duerch d'Héisenger Lach an de Laangegronn transportéiert, wou en an engem grousse Dréiuewen zu Klinker gebrannt gëtt.

All Joer gi sou ongeféier eng Millioun Tonne Klinker produzéiert. Dee gëtt ë. a. iwwer d'CFL-Linn 6d an d'Zementsfabréck um Monkeler gefouert, an zum Deel och an eng Zementfabréck a Rheinland-Pfalz.

Am Wierk zu Rëmeleng schaffen eng 170 Leit.

Um Spaweck änneren