Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Guillaume Weydert, och Wilhelm Weydert, gebuer den 13. Oktober 1836 zu Ueweraanwen, gestuerwen den 10. Januar 1903 zu Aansebuerg, war en Offizéier. Hie war Capitaine an der Fräiwëllege-Kompagnie vu Lëtzebuerg.[1]

Dem Guillaume Weydert säi Graf um Nikloskierfecht, op deem déi Dräi Tierm ze gesi sinn, an deenen hie gewunnt huet. Um Fouss vum Graf steet: SES AMIS.

An den Dräi Tierm, wou hie seng Wunneng hat, huet hien un enger Maquette vun der Festung Lëtzebuerg geschafft,[2] déi méi spéit am Bronze gegoss gouf. D'Maquette weist wéi d'Festungsanlagen ausgesinn hunn ir et opgrond vum Traité vu London vun 1867 zum Schleefe vun der Festung Lëtzebuerg komm ass.

No sengem Doud krut hien ufanks en zivilt Begriefnes zu Tënten. Seng Frënn hunn duerno dofir gesuergt datt hien op den Nikloskierfecht an d'Stad Lëtzebuerg transféréiert gouf, wou hien e méi representatiivt Graf krut.[3] Als Unerkennung fir déi vum Guillaume Weydert réaliséiert Maquette vun der Festung Lëtzebuerg, hat de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg a senger Sëtzung vum 28. Mäerz 1903 decidéiert fir um Nikloskierfecht eng Gratiskonzessioun zur Verfügung ze stellen.[4]

Referenzen änneren

  1. Mémorial N° 39. vum 26. August 1889, S. 434 Archivéiert op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2012-02-13.
  2. Melchers, E.T., 1992. Das Heilig-Geist-Plateau gestern und heute. In: ons stad Nr 40 vun 1992, S. 26 (Link op d'pdf-Dokument)
  3. Philippart, Robert L., 2007. Luxembourg. Historicisme et identité visuelle d'une capitale. Éditions Saint-Paul, S. 177
  4. Luxemburger Wort Nr 89 vum 30. Mäerz 1903, S. 3