De Sagitta (lb:Fäil) ass e Stärebild vum nërdlechen Himmel.

Date vum Stärebild Sagitta
Lëtzebuergeschen Numm Fäil
Laténgesche Numm Sagitta (Sga)
Laténgesche Geenitiv Sagittae
Positioun Himmelsequator
Rektaszensioun 18h 57m bis 20h 20m
Deklinatioun +16° 10’ bis +21° 40’
Fläch 80 Quadratgrad
Siichtbar op de Breedegraden 90° Nord bis 70° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Summer
Zuel vun de Stäre mat
Gréisst < 3m
0
Hellste Stär,
Gréisst
γ  Sagittae,
3,51m
Meteorstréim
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Vulpecula
Hercules
Aquila
Delphinus
Kaart vum Stärebild Sagitta

Beschreiwung

änneren

De Sagitta ass dat drëttklengst Stärebild um Nuetshimmel. Véier Stäre vun der 3. a 4. Gréissteklass maachen e Feil, woubäi den Hellste (γ Sagittae) d'Spëtz symboliséiert.

Et fënnt een d'Stärebild tëscht dem Cygnus an dem Aquila. Et läit matzen am stäreräichste Gebitt vun der Mëllechstrooss an enthält de Kugelstärekoup M71.

Geschicht

änneren

Vill al Kulturen, wéi d'Perser, Hebräer, Griichen an d'Réimer hu schonn an dësem Stärebild e Feil gesinn.

Sou gehéiert de Sagitta zu den 48 klassesche Stärebiller aus der Antiquitéit, déi vum Ptolemäus beschriwwe goufen.

Himmelsobjeten

änneren

Stären

änneren
Stär Numm Gréisst
γ 12 3,51m 247 M0 III
δ 7 3,68m 448 M2 II + B6
α 15 Sham 4,39m 473 G0 III
β 6 4,39m 467 G8 II
ζ 8 5,01m
η 16 5,09m
13 5,33m
11 5,54m
1 5,65m G8 III
ε 4 5,66m G8 III
14 5,73m
15 5,80m
18 6,11m
9 6,24m
2 6,27m
θ 17 6,5m
3 6,84m


Den hellste Stär am Fäil, γ Sagittae, ass ronn 274 Liichtjoer vun eis ewech, e liicht orange an ass e Roude Ris. De Stär huet d'Enn vu senger Entwécklung erreecht a sech op de 55fachen Duerchmiesser vun eiser Sonn opgeblosen.

De gielen α Sagittae ass 473 Liichtjoer vun eis ewech. Hien huet den 20fachen Duerchmiesser vun eiser Sonn.
Den Numm Sham ass arabesch a bedeit „Fäil“.

System Gréissten Ofstand
δ 3,68 / 3,8m
ε 5,7 / 7,8m 90"
ζ 5,5/ 8,4m 8,4"
15 5,8 / 6,8m 213"
15 6,59 / 8,9m

Den ε Sagittae ass e Méifachstäresystem vun dräi Stären.

Den ζ Sagittae ass e physikaleschen Duebelstäresystem, bei deem sech zwéi Stären ëm ee kollektive Schwéierpunkt dréinen.

De 15 Sagittae ass en Duebelstär op enger Distanz vu 60 Liichtjoer. Déi zwou Komponente gehéieren zu de Spektralklasse G1 an A2. Si stinn op engem Wénkelofstand vun 213 Bousekonnen.

Messier (M) NGC divers Gréisst Typ Numm
71 6838 8,5m Kugelstärekoup

Am Sagitta ass op enger Distanz vun 18.000 Liichtjoer de Kugelstärekoup M71. De franséischen Astronom a Koméitejeeër Charles Messier huet de Kugelstärekoup a säi Katalog mat den niwwelegen Objeten opgeholl.

Um Spaweck

änneren
Commons: Sagitta – Biller, Videoen oder Audiodateien