Claude Waringo
lëtzebuergesche Filmproduzent
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Claude Waringo, gebuer de 5. Juni 1963 zu Esch-Uelzecht[1], ass e lëtzebuergesche Filmproduzent.
Claude Waringo | |
---|---|
Gebuer |
1963 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Filmproduzent, Filmregisseur |
Hien huet um INSAS zu Bréissel studéiert. 1986 war hien ee vun de Grënner vun der Filmproduktiounsfirma Samsa Film[2]. Hie war vun 2012 bis 2019 den éischte President vun der Lëtzebuerger Filmakademie[3],[4]. 1989 huet hien en Documentaire iwwer de Charly Gaul, Äerzengel, gedréint.
Hien huet bis ewell (2017) ronn 50 Filmer produzéiert[5].
2012 gouf de Claude Waringo fir e Magritte du cinéma (Belsch) nominéiert (Nominatioun: Meilleur film)[6].
Um Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Le cinéma et la télévision au Luxembourg. Luxembourg: Ministère des affaires culturelles, 1988, p.160.
- ↑ http://www.cineast.lu/2014/en/detail/clanky/5159/3531-claude-waringo.html?keepThis=true&TB_iframe=true
- ↑ https://www.wort.lu/fr/culture/naissance-de-la-filmakademie-50c8ca03e4b00cc68697a373
- ↑ „Yann Tonnar sitzt der Filmakademie vor“ am Luxemburger Wort vum 8. Mee 2019, Säit 22
- ↑ Fiche op IMDb (en)
- ↑ http://www.imdb.com/name/nm0007236/awards?ref_=nm_awd