Boyd van Hoeij

hollännesche Filmkritiker

De Boyd van Hoeij, gebuer den 13. Februar 1980[Source?] zu Bleiswijk[Source?] an Holland, ass en hollännesche Filmkritiker a -journalist. Hie lieft zu Lëtzebuerg.[1][2][3]

Boyd van Hoeij
Gebuer 13. Februar 1980
Bleiswijk
Nationalitéit Holland
Aktivitéit Filmkritiker

De Boyd van Hoeij war tëscht 2008 an 2013 Filmkritiker fir Variety, eng Branchenzäitschrëft vun der US-amerikanescher Entertainmentindustrie. Vun 2013 u schreift hie fir den Hollywood Reporter an och fir aner Filmzäitschrëften.[2] Seng Artikele sinn op Englesch, Franséisch, Hollännesch an Italieenesch.[3]

Hie souz 2009 an der Jury vum Lëtzebuerger Filmpräis an 2012, 2016 an 2020 vum Festival CinEast. Och baussent Lëtzebuerg ass hie reegelméisseg Jurysmember, dorënner op den internationale Filmfestivalle vun Thessaloniki (2012), Palm Springs (2012), Göteborg (20114), München (2016) a Lissabon (2019).[4]

2020 krut hien d'"Plume d'or" als beschten auslännesche Kritiker vun der franséischer Union des journalistes de cinéma.[1]

De Boyd van Hoeij sëtzt an der Auswielkommissioun vum LuxFilmFest an ass zënter 2018 de President vun der Auswielkommissioun vum Lëtzebuerger Filmfong. Hie gëtt och Workshope fir d'Schreiwe vu Filmkriticken, dorënner um LuxFilmFest.

Hien ass mam italieenesche Fotograph a Filmregisseur Fabrizio Maltese bestuet.[3] Zesummen hu si 2010 d'Buch 10/10 geschriwwen, e Buch iwwer 10 belsch franséischsproocheg Filmregisseuren an de Joren 2000-2010. Et gouf vun der franséischer Communautéit vun der Belsch editéiert.[5] Donieft huet hien 2019 och e Buch iwwer d'Filmer vum franséische Regisseur François Ozon publizéiert.

Litteratur änneren

  • Boyd van Hoeij: The Cinema of François Ozon: Exquisite Transgressions (Directors' Cuts). Wallflower Press, 2019. ISBN 0231188722
  • Boyd van Hoeij: 10/10. Ministère de la Communauté Française de Belgique/Wallonie-Bruxelles.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Biographie op sensesofcinema.com
  2. 2,0 2,1 land.lu: Filme verstehen vum Marc Trappendreher (16. August 2019)
  3. 3,0 3,1 3,2 Biographie op dem Site vun der Online Film Critics Society
  4. indielisboa.com: Juries and awards, 2019
  5. Buchrevue op cinergie.be