Eng Pandemie (vum anticke Griicheschen πᾶν / pãn "all", an δῆμος / dễmos "Leit") ass eng Epidemie, déi sech iwwert e grousst internationaalt geographescht Gebitt ausgebreet huet. Am aktuelle Sënn beaflosst se e besonnesch groussen Deel vun der Weltbevëlkerung.

Pandemië geschéie wärend groussen Ongläichgewiichter, déi mat sozialen an Ëmweltverännerunge verbonne sinn: landwirtschaftlech Revolutiounen, Kricher, Commerce, Reesen, grouss Entdeckungen, industriell Revolutioun, Kolonialräicher, Globaliséierung etc.

D'Konsequenze vun enger onkontrolléierter Pandemie kënne ganz bedeitend sinn, sou wéi an der Mëtt vum 14. Joerhonnert wéi d'Schwaarz Pescht an Europa an an Asien, wou se an e puer Joerzéngte Millioune Leit (een Drëttel vun der Bevëlkerung) ëmbruecht huet an e staarken Impakt op d'Demographie hat.

Am 21. Joerhonnert fousst d'Iwwerwaachung an d'Kontroll vun enger Pandemie haaptsächlech op internationaler Zesummenaarbecht.

Pandemien an der Geschicht änneren

 
Mat Masken iwwer hire Gesiichter huelen d'Membere vum Amerikanesche Roude Kräiz en Affer vun der Spuenescher Gripp aus engem Haus an der Etzel Avenue zu St. Louis am Missouri (1918).

Zënter dem 16. Joerhonnert goufen ongeféier dräi Pandemië pro Joerhonnert dokumentéiert, mat Intervalle vun 10 bis 50 Joer. Dat war besonnesch am leschte Joerhonnert de Fall. D'Spuenesch Gripp (1918-1919) huet ongeféier 40 Milliounen Doudesfäll verursaacht. D'Asiatesch Gripp (1957-1958) an d'Hong-Kong-Gripp (1968-1969) hunn ongeféier enger Millioun Leit d'Liewe kascht. Am Verglach dozou stierwen der all Joer weltwäit 250.000 bis 500.000 un der saisonaler Gripp.

Kuck och änneren