Vesna Andonovic

lëtzebuergesch Journalistin a Schrëftstellerin

D'Vesna Andonovic, gebuer den 8. Januar 1970 zu Kragujevac am deemolege Jugoslawien, ass eng lëtzebuergesch Kulturjournalistin a Schrëftstellerin.

Vesna Andonovic
Gebuer 8. Januar 1970
Kragujevac
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist, Schrëftsteller

Biographie änneren

D'Vesna Andonovic ass am Alter vun engem Joer mat hirer Famill op Lëtzebuerg komm. Si ass an d'Primärschoulen zu Beggen a Mamer an duerno an den Athénée gaangen. No hirer Première 1989 huet si zu Nanzeg Kultur a Kommunikatioun studéiert. Hire Studium huet si 1994 mat engem DEA en études cinématographiques et audiovisuelles ofgeschloss.

Berufflech war si pedagogesch Assistentin am Stater Lycée technique du Centre, éier si 1999 hir eege Kommunikatiounsagence gegrënnt huet. 2005 ass si "Freelance"-Journalistin beim Télécran ginn. Vum Joer duerno bis 2021 war si an der Kulturredaktioun vum Luxemburger Wort aktiv, fir d'éischt als Journalistin, vun 2013 un als stellvertriedend Cheffin a bis Mee 2021 als Cheffin. Beim Wort war si ënner anerem fir d'Bäilagen Die Warte a Lesezeit verantwortlech.

Zënter dem Summer 2021 schafft si beim Radio 100,7.

D'Vesna Andonovic souz e puermol an der Jury vum Literaturpräis Prix Laurence, an 2012 och an der Jury vum 5. Lëtzebuerger Filmpräis. Si souz och an der Ökumeenescher Jury bei anere Filmfestivallen, dorënner zu Berlin, Saarbrécken a Fribourg.[1] Donieft ass si och reegelméisseg Jurymember fir aner national Kulturpräisser, wéi zum Beispill der Bourse Edmond-Dune 2018, 2019 an 2020 vum Fonds culturel national,[2][3], dem Prix Batty Weber 2020,[4] oder de Lëtzebuerger Theaterpräisser 2021.[5]

Si ass Member vum Redaktiounscomité vun der Kulturzäitschrëft nos cahiers.

Mat Zëmmer Nummer fënnef huet si 2013 hiert éischt Buch an der Rei "Smart Kremart" bei Kremart Edition verëffentlecht. Et ass eng Erzielung aus siwen Deeler, déi ufanks wierken, wéi wa se keen Zesummenhang hätten, mee déi all matenee verbonne sinn.

Wierker änneren

Quell änneren

Referenzen änneren

  1. Profil op inter-film.org
  2. Claire Wagener, lauréate de la bourse Edmond-Dune (25. Oktober 2019)
  3. focuna.lu: Jury (gekuckt den 10. Januar 2022)
  4. rtl.lu: De Batty-Weber-Präis 2020 ass fir de Pierre Joris (3. Abrëll 2020)
  5. gouvernment.lu: Les préparatifs pour le Lëtzebuerger Danzpräis et les Lëtzebuerger Theaterpräisser 2021 sont lancés (20. Mee 2021)