Canis Major

Stärebild
(Virugeleet vu(n) Canis Major (Stärebild))
Date vum Stärebild Canis Major
Lëtzebuergeschen Numm Groussen Hond
Laténgeschen Numm Canis Major
Laténgesche Geenitiv Canis Majoris
Laténgesch Ofkierzung CMa
Positioun Himmelsequator
Rektaszensioun 6h 11m bis 7h 28m
Deklinatioun -11° 00´ bis -33° 15´
Fläch 380 Quadratgrad
Siichtbar op de Breedegraden 57° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Wanter
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
5
Hellste Stär,
Gréisst
Sirius (α Canis Majoris),
-1,44m
Meteorstréim -
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Monoceros

Lepus
Columba
Puppis

Kaart vum Stärebild Canis Major

De Groussen Hond (Latäin Canis Major) ass e Stärebild südlech vum Himmelsequator.

Beschreiwung

änneren

De Canis Major ass en opfällegt Stärebild südwestlech vum markanten Orion. Déi dräi Stäre vun der Orionceinture weisen direkt op de Sirius, den hellste Stär um Nuetshimmel, deen och de südlechsten Eckpunkt vum Wantersechseck markéiert.

Vu Mëtteleuropa aus gesinn, steet de Canis Major am Wanter déif iwwer dem Südhorizont.

Duerch de westlechen Deel vum Stärebild zitt sech dat stäreräicht Band vun der Mëllechstrooss, dofir kënnen am Canis Major e puer interessant Stärekéip observéiert ginn.

Himmelsobjeten

änneren

Stären

änneren
B F Numm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
α 9 Sirius, Aschere, Canicula, Hundsstern -1,5m 8,7 A1 V
ε 21 Adhara 1,50m 431 B2 III
δ 25 Wezen, Alwazn 1,83m 1792 F8 Ia
β 2 Murzim, Mirzim, Mirza 1,98m 715 B1 II
η 31 Aludra, 2,45m 3200 B5 Ia
ζ1 1 Furud, Phurud 3,02m 46
ο2 24 3,02m 2500 B3 Ia
σ 22 3,49m 1500 K8 Ib
ο1 16 3,89m 2000 K3 Ia
ν2 7 3,95m 80 K1 III
ω 28 4,01m 500 B3 IV
θ 14 4,08m 200 K4 III
γ 23 Muliphein 4,11m 402 B8 II
ξ1 4 4,34m
ι 20 4,36m
κ 13 4,36m 800 B2 IV
π 30 4,37m
ν3 8 4,42m
27 EW CaM 4,42m 1000 B3 III
λ 4,47m
ξ2 5 4,54m
π 19 4,66m
15 4,82m
29 UW CMa 4,88m
μ 18 5,0m 500 G3 III

De Sirius (α Canis Majoris) ass mat enger visueller Magnitude vu -1,44m den hellste Stär um Nuetshimmel. Mat enger Distanz vun 8,7 Liichtjoer ass et ee vun deene Stären, déi am noosten zu der Äerd leien. De Sirius ass en Duebelstär. Hien huet e liichtschwaache Begleeder mat enger Hellegkeet vun 8,7m. Et handelt sech ëm e Wäissen Zwerg, deen den Haaptstär a 50 Joer eng Kéier ëmkreest. Schonn 1845 huet de Friedrich Wilhelm Bessel Verännerungen am Spektrum vum Sirius festgestallt, déi op e Begleetstär higewisen hunn. Dee konnt awer eréischt am Joer 1865 mat engem leeschtungsstaarken Teleskop entdeckt ginn. D'System Sirius ass optesch schwéier ze gesinn, well den Hellegkeetsënnerscheed vun deenen zwou Komponenten 10 Gréissteklasse grouss ass, an den hellen Haaptstär de Begleeder iwwerstraalt.

Den Haaptstär straalt e wäisst Liicht aus, a gehéiert zu der Spektralklass A. Hien huet den 1,8fachen Duerchmiesser an déi 23fach Liichtkraaft vun eiser Sonn.

Den Urspronk vum Numm Sirius ass net ganz sécher. Méiglecherweis staamt en aus der babylonescher Zäit a bedeit „de Liichtenden“. Hie kéint awer och aus der Sprooch vun de Sumerer stamen a „gliddeg waarm“ heeschen.

Den drëtthellste Stär am Groussen Hond, δ Canis Majoris, ass 1800 Liichtjoer vun eis ewech. Hie liicht wäiss an ass e Risestär mat der Spektralklass F8.

En huet den 200fachen Duerchmiesser an déi 20.000fach Liichtkraaft vun eiser Sonn.

Den Numm Wezen ass arabesch a bedeit „Gewiicht“.

Am Joer 2003 gouf am Groussen Hond d'Canis-Major-Zwerggalaxie entdeckt. Well si vun interstellarer Matière um Niveau vun der Mëllechstrooss verdeckt gëtt ass si am siichtbare Liicht praktesch net z'erkennen, a konnt nëmme mat Hëllef vun Infraroutteleskopen entdeckt ginn.

Objet Gréissten Spektralklassen Ofstand
α -1,44m/8,7m B2 / A3 10"
ε 1,5m/7,5m B2 III 176"
η 2,45m/7,0m B5 / A0 180"
ζ 3,0m/7,6m B3 / K0 176"
τ 4,5m/10m/11m 8,2/14,5
145 CMa (Herschel 3945) 4,7m/6,5m K5 / F0 7,6"

Den zweethellste Stär am Groussen Hond, ε Canis Majoris, ass wéi de Sirius en Duebelstär. Mat enger Distanz vu 500 Liichtjoer ass en allerdéngs méi wäit vun eis ewech. Den Haaptstär ass e bloen, risenhafte Stär vun der Spektralklass B2. Op engem Ofstand vun 8 Bousekonnen ass säi liichtschwaache Begleeder mat enger Hellegkeet vun 8,1m.

Den arabeschen Numm „Adhara“ bedeit „Joffer“.

Den η Canis Majoris ass ee vun deene liichtkräftegsten Duebelstären, déi mer kennen. Den Haaptstär ass 100.000-mol méi liichtkräfteg wéi eis Sonn. Trotz senger Distanz vun 3.200 Liichtjoer ass hie mat 2,45m um Nuetshimmel opfaalend hell. Hien huet e Begleeder vun der 7. Gréissteklass op engem Ofstand vun 180 Bousekonnen.

Den arabeschen Numm „Aludra“ leet sech och vu „Joffer“ of.

D'System ζ scho mat engem klengen Teleskop observéiert ginn. Den arabeschen Numm „Phurud“ bedeit souvill, wéi „Deen, deen eleng ass“.

Den τ CMa ass en Dräifachstär. De 4,5m hellen Haaptstär huet zwéi Begleeder vun der 10. an 11. Gréissteklass.

Den 145 CMa, och Herschel 3945 genannt, ass en optesche Duebelstär. Dat heescht si sinn net duerch d'Gravitatioun matenee verbonnen, a stinn zoufälleg vun der Äerd aus gesinn, niefteneen. Et ass e goldgielen an e wäisse Stär.

Objet Gréisst Period Typ
β 1,95m bis 2,0om 6 Stonnen Beta-Cepheide
ο 1 CMa 3,8m bis 4,0m unreegelmäßig onreegelméisseg Verännerlecher
27 CMa 4,4m bis 4,7m unreegelmäßig onreegelméisseg Verännerlecher
ω CMa 3,6m bis 4,2m unreegelmäßig onreegelméisseg Verännerlecher
UW CMa 4,8m bis 5,3m 4,3934 Deeg Beta-Lyrae-Stär

De β Canis Majoris (Murzim, arabesch „Herold“), ass 715 Liichtjoer vun eis ewech. Et ass e pulsatiounsverännerleche Stär vum Cepheidentyp. Seng Hellegkeet ännert reegelméisseg an engem Rhythmus vu 6 Stonnen.

D'Stären ο1 (2000 Liichtjoer), 27 (1000 Liichtjoer) an ω (500 Liichtjoer) veränneren hir Hellegkeet an onreegelméissegen Ofstänn, woubäi d'Hellegkeetsschwankungen net besonnesch opfälleg sinn.

Den UW CMa ass e verännerleche Stär vum Typ Beta-Lyra op enger Distanz vu 5.000 Liichtjoer. Seng Hellegkeet ännert mat enger Period vu 4 Deeg 9 Stonnen a 26 Minutten tëscht 4,8m a 5,3m

Den VY CMa ass e rouden Iwwerris, an ee vun de gréisste bekannte Stären.

Messier (M) NGC aner Gréisst Typ Numm
41 2287 5m Oppene Stärekoup
2359 9m Gasniwwel
2360 7m Oppene Stärekoup
2362 4m Oppene Stärekoup
Collinder 140 5,5m Oppene Stärekoup

Am Canis Major si véier oppe Stärekéip an ee Gasniwwel. De franséischen Astronom a Koméitejeeër Charles Messier huet de Stärekoup M a säi Katalog mat den niwwelegen Objeten opgeholl.

Den M 41 ka liicht fonnt ginn, well hien ënner dem Sirius ze gesinn ass. De Stärekoup läit 2.500 Liichtjoer vun eis ewech.

Den NGC 2359 ass e Gasniwwel op enger Distanz vu 4.000 Liichtjoer. Hie gouf am Joer 1785 vum Wilhelm Herschel entdeckt.

Den NGC 2360 gouf 1785 vun der Caroline Herschel entdeckt. De Stärekoup ass 5.000 Liichtjoer wäit ewech.

Den NGC 2362, ass am Joer 1785 vum Wilhelm Herschel entdeckt ginn. De Stärekoup ass 4.600 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech. Den hellste Stär vum Koup ass deen uewe beschriwwenen Dräifachstär τ CMa. Den NGC 2362 ass mat engem Alter vu ronn enger Millioun Joren ee vun de jéngsten oppene Stärekéip, déi mer kennen.

De Collinder 140 gouf am Joer 1752 vum Nicolas Lacaille entdeckt. Seng Distanz zu eiser Äerd ass 180 Liichtjoer.

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck

änneren
Commons: Canis Major – Biller, Videoen oder Audiodateien