Friedrich Wilhelm Bessel

De Friedrich Wilhelm Bessel, gebuer den 22. Juli 1784 zu Minden a Westfalen, a gestuerwen de 17. Mäerz 1846 zu Königsberg haut: Kaliningrad (Russland), war e bekannten däitsche Wëssenschaftler vum 19. Joerhonnert. En huet als Astronom, Mathematiker a Geodet geschafft.

Friedrich Wilhelm Bessel
Gebuer 22. Juli 1784
Minden
Gestuerwen 17. Mäerz 1846
Königsberg
Nationalitéit Kinnekräich Preisen
Aktivitéit Astronom, Mathematiker, Universitéitsprofesser, Geodet, Physiker
Member vun Royal Society, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, Académie des sciences, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Royal Society of Edinburgh, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, Accademia Nazionale delle Scienze

De Bessel war een Zäitgenosse vun Carl Friedrich Gauß. Si goufen allebéid mat Vermiessunge betraut. Een deemolegen Defizit vun der Geodesie war déi ongenee Kenntnes vun der Äerdfigur. Déi bekannt Bessel-Ellipsoid (publizéiert 1841) berout op engem grousse Vermiessungsnetz an Europa an an Asien a gëtt bis haut nach fir Landvermiessungen a ville Staate gebraucht (z. B. Däitschland an Éisträich).

An der Astronomie, besonnesch bei der Berechnung vu Koméitebunnen, gouf hie vum Wilhelm Olbers ënnerstëtzt. Säi gréissten astronomeschen Erfolleg war 1838 déi éischt erfollegräich Parallaxemiessung vun der Distanzbestëmmung vum Stär 61 Cygni.

Nom Bessel gouf e grousse Moundkrater am Mare Serenitatis benannt. Och den Asteroid (1552) huet den Numm Bessel. Den däitsche Sculpteur Jürgen Goertz huet e Monument mat dem Bessel-Ee (Äerdellipsoid) zu Bremen geschafft.

E bësschen aus sengem Liewen änneren

Bei de Studien ass de Bessel um Thomas Harriot seng Observatiounsdate iwwer de Koméit Halley vu 1607 gestouss. Doropshi wollt hien d'Bunn vum Koméit berechnen. Déi néideg Kenntnesser krut hie vum Jerome Lalande mat dem Buch "Lehrbegriff der Astronomie" a vun der verëffentlechter Ofhandlung fir Bunnbestëmmunge vu Koméite vum Heinrich Wilhelm Olbers 1797. Den Olbers huet och zu Bremen gelieft. Deen huet do als Dokter praktizéiert, an niewebäi war hien am Observatoire zu Lilienthal beschäftegt. Den Olbers huet 1804 d'Talent vum Bessel erkannt an huet him astronomesch Schrëften zoukomme gelooss.

Am Joer 1806 huet de Bessel säi kaufmännesche Beruff opginn, an ass vum Johann Hieronymus Schröter als Inspekter am Lilienthaler Observatoire agestallt ginn. Op Rot vum Olbers ass de Bessel 1810 Astronomieprofesser zu Königsberg ginn an Direkter vun engem neien Observatoire zu Königsberg 1812.

De Bessel huet e Stärekatalog mat 3000 Stären, am Joer 1818 fäerdeg gestallt. Doriwwer eraus huet hien ëmfangräich Miessunge vu ville Fixstäre gemaach. Nieft sengen Aarbechten op dem Gebitt vun der Astronomie huet de Bessel wichteg Bäiträg zur Mathematik an zur Geodesie geliwwert.

Nom F.W. Bessel benannt änneren

Literatur änneren

  • Jürgen Hamel: Friedrich Wilhelm Bessel. BSB B. G. Teubner Verlagsgesellschaft, Leipzig 1984
  • Biographie F. W. Bessels in Allgem. Deutsche Biographie, Historische Commission bei der Königl. Akademie der Wissenschaften, Leipzig 1875,
  • Friedrich Wilhelm Bessel. Beitraege ueber Leben und Werk des bekannten Astronomen, Redaktion: Klemens Adam, Gerd Huneke, Heinrich Rademacher. Besselgymnasium der Stadt Minden, 1996.

Um Spaweck änneren

Commons: Friedrich Wilhelm Bessel – Biller, Videoen oder Audiodateien