Den Hues (Latäin: Lepus) ass e Stärebild an der Géigend vum Himmelsequator.

Date vum Stärebild Lepus
Lëtzebuergeschen Numm Hues
Laténgeschen Numm Lepus
Laténgesche Geenitiv Leporis
Laténgesch Ofkierzung Lep
Rektaszensioun 4h 55m bis 6h 12 m
Deklinatioun -27° 16' bis -10° 48'
Fläch 290 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden 60° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Wanter
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
2
Hellste Stär,
Gréisst
Ameb (α Leporis),
2,58m
Meteorstréim -
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Orion
Eridanus
Caelum
Columba
Canis Major
Monoceros
Kaart vum Stärebild Lepus

Beschreiwung änneren

De Lepus ass südlech vum opfällegen Orion ze fannen. Vu Mëtteleuropa aus steet d'Stärebild am Wanter déif iwwer dem Südhimmel.

Zwéi vu senge Stäre si méi hell wéi déi 3. Gréissteklass.

Am Lepus fanne mer de Kugelstärekoup M79

Geschicht änneren

De Lepus gehéiert zu de klasseschen 48 Stärebiller vun der anticker Astronomie, déi schonn dem Ptolemäus bekannt waren.

Himmelsobjeten änneren

Stären änneren

B F Nimm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
α 11 Arneb, Arnab 2,58m 1200 F0 Ib
β 9 Nihal, Nibal 2,81m 159 G4 II
μ 5 3,0 bis 3,4m 200 B9 III
ε 2 3,19m 150 K5 III
ζ 14 3,55m 80 A3 V
γ 13 3,59m 26 F6 + G5
η 16 3,71m 70 F0 Iv
δ 15 3,76m 150 G8 III
λ 4,29m
κ 4,36m 250 B8 + F1
ι 4,45m
θ 4,67m
17 4,92m
19 5,28m
ν 5,25m
R, Karmesinstärn, Purpurstär vum Hind 5,5 bis 11,7m
10 5,53m
1 5,74m
12 5,88m
Gliese 229 8,14m

Den α Leporis ass ronn 200 Liichtjoer vun eis ewech. De Stär gehéiert zu der Spektralklass F0 Ib. Et handelt sech ëm e Stär, mat der 10facher Mass an dem 75fachen Duerchmiesser an der 13.000 facher Liichtkraaft vun eiser Sonn.
Den Numm „Arneb“ ass arabesch a leet sech of vun „al arnah“ fir „Hues“.

De β Leporis ass 159 Liichtjoer vun eis ewech. Et ass e Risestär an e liicht giel. Seng Spektralklass ass G4 II.
Den Numm „Nihal“ ass arabesch a bedeit souvill wéi „Kaméiler, déi hiren Duuscht läschen“.

De Stär Gliese 229 läit op enger Distanz vun 19 Liichtjoer, an ass ee vun de Nopere vun eiser Sonn. Et handelt sech ëm e rouden Zwergstär mat der Spektralklass M1 V. Am Joer 1998 gouf e Beleetstär, e Brongen Zwerg mat der 20 bis 50facher Mass vum Planéit Jupiter nogewisen.

Duebelstären änneren

System Gréissten Ofstand
γ 3,6/6,2m 97"
κ Lep 4,4/7,3m 2,6"

Den γ Leporis ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun nëmme 26 Liichtjoer. Déi zwou Komponente kënne scho mat engem klengen Teleskop gedeelt ginn.

Verännerlech Stären änneren

Stär Gréisst Period Typ
μ Lep 3,0m bis 3,4m zirka 2 Deeg hallefreegelméisseg Verännerlechen
RX Lep 5,0 bis 7,0m onreegelméisseg onreegelméisseg Verännerlechen
R 5,5 bis 11,7m 430 Deeg Mira-Stär

Op enger Distanz vun 200 Liichtjoer steet den μ Leporis. Et ass en hallefreegelméisseg verännerleche Stär, deem seng Hellegkeet mat enger Period vu ronn 2 Deeg ëm 0,2 Gréissteklasse variéiert.

Den RX Leporis steet 500 Liichtjoer vun eis ewech an ännert seng Hellegkeet ouni eng erkennbar Period.

Den R Leporis steet op enger Distanz vun 3000 Liichtjoer. Et ass en extreem liichtkräftege Stär vum Typ Mira, dee seng Hellegkeet wärend engem Zäitraum vu ronn 430 Deeg staark verännert. Hie gehéiert zu der Spektralklass C6 II an ass ee vun de roudelzegen Objeten um Nuetshimmel. Heiansdo gëtt hien och „Karmesinstär“ oder „dem Hind säi Purpurstär“ genannt, no dem britteschen Astronom John Russell Hind, dee seng Verännerlechkeet beschriwwen huet.

Messier- an NGC-Objeten änneren

Messier (M) NGC aner Gréisst Typ Numm
79 1904 8m Kugelstärekoup

Am Stärebild Lepus ass och de Kugelstärekoup M 79, dee ronn 40.000 Liichtjoer vun eisem Sonnesystem ewech läit.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Lepus (constellation) – Biller, Videoen oder Audiodateien