Baastenduerf

lëtzebuergesch Uertschaft, Chef-lieu vun der Gemeng Tandel

Baastenduerf ass eng Uertschaft an der Gemeng Tandel.

Baastenduerf
Haaptstrooss zu Baastenduerf (2014)
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Bastendorf
de: Bastendorf
Land Lëtzebuerg
Kanton Veianen
Gemeng Tandel
Buergermeeschter Carole Gils
Awunner 602
  1 Januar 2021; 1 Januar 2022; 1 Januar 2023
Fläch 971,1007 ha[1]
Héicht 226 m
Koordinaten 49° 53’ 27’’ N
      06° 09’ 49’’ O

Hydrographie änneren

Duerch Baastenduerf leeft d'Blees.

Geschicht änneren

Am Liber Aureus vun der Abtei Iechternach steet, datt 806 d'Irmingard dem Klouschter vun Iechternach hir Gidder vu Baastenduerf, op der Blinsa (Blees) geschenkt huet.

Bis 1828 war Baastenduerf eng Sektioun vun der Gemeng Bettenduerf fir du mam Arrêté royal vum 2. Januar 1823 eng eegestänneg Gemeng ze ginn an dat bis zur Fusioun mat Furen den 1. Januar 2006 aus där d'Gemeng Tandel entstanen ass, ze bleiwen.

Bei der Grënnung hunn ausser Baastenduerf follgend Uertschaften zu der Gemeng gehéiert: Bleesmillen aus der Gemeng Bettenduerf, d'Sektioune Branebuerg, Këppenhaff an Tandel, déi vu Furen ofgespléckt goufen a Laaschent dat vun der Gemeng Stolzebuerg ofgezwackt gouf.[2]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Baastenduerf – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. D'Donnéeën déi d'Fläch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wéi s'an dësem Artikel stinn entspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.
  2. Dictionnaire géographique du Luxembourg Säit 217