Branebuerg
![]() |
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Branebuerg ass eng Uertschaft an der Gemeng Tandel.
Branebuerg | |
---|---|
![]() Vue vu Südwesten op Branebuerg | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Brandenbourg de: Brandenburg |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Veianen |
Gemeng |
![]() |
Buergermeeschter | Ali Kaes (CSV) |
Awunner | 340 |
1 Januar 2021; 1 Januar 2022 | |
Fläch | 620,7756 ha[1] |
Koordinaten |
49° 54’ 42’’ N 06° 08’ 16’’ O |
GeographieÄnneren
Branebuerg läit op der Blees, der Hämechtbaach an der Millebaach.
GeschichtÄnneren
Bis zur Fusioun 1. Januar 2006 aus där d'Gemeng Tandel entstanen ass, war Branebuerg eng Uertschaft an der fréierer Gemeng Baastenduerf am Kanton Dikrech.
KuckeswäertesÄnneren
- d'Buerg Branebuerg
- d'Kierch Branebuerg
- déi eenzeg Beruffs-Beienziichterei am Land, d'Beruffs-Beienziichterei Jungels-Hilgert[2]
LieseswäertesÄnneren
De gebiertege Branebuerger Schrëftsteller Nic Klecker huet seng Erënnerungen u Branebuerg am Bichelchen Les créneaux du souvenir publizéiert[3]. A sengem Erzielungsband Jadis au village[4] zeechent hien e schéine Portrait vu sengem Duerf.
LiteraturÄnneren
- Klecker, Nic, 1997. Les créneaux du souvenir. Éditions des Cahiers luxembourgeois, Bereldange. Luxembourg, Impr. Centrale. 156 p.
- Klecker, Nic, 2002. Jadis au village / Au pied des Ardennes. Récits. Éditions des Cahiers luxembourgeois, Bäreldeng, & Éditions Memor, Bréissel. 123 p. ISBN 2-930133-75-9.
- Vannérus, Jules, 1931. Brandenbourg. Cahiers Luxembourgeois n° 2: 257-261).
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Branebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
FotoalbumÄnneren
ReferenzenÄnneren
- ↑ D'Donnéeën déi d'Fläch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wéi s'an dësem Artikel stinn entspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.
- ↑ Cf. http://www.apisjungels.lu/
- ↑ Cf. Klecker 1997 an der Literatur.
- ↑ Cf. Klecker 2002 an der Literatur.