Liber Aureus Epternacensis

D'Liber Aureus Epternacensis (Gëllent Buch vun Iechternach) ass en Dokument aus dem Joer 1191 dat an der Abtei Iechternach geschriwwe gouf an haut an der Landesbibliothéik vu Gotha ass.

Auteur war den Theodoricus Scholasticus (1035-1110), an et sinn Ofschrëfte vun Dokumenter dran, déi bis an d'8. Joerhonnert, d'Zäit vun de Pippiniden, zeréckginn.

D'Buch gouf am Kader vun enger Weltchronik geschriwwen, an et goung drëms, ze weisen, wat fir Rechter a Besëtzer d'Abtei Iechternach an der Vergaangenheet kritt hat. D'Buch sollt dem Keeser Heinrich VI. virgeluecht ginn, deen an engem Sträit tëscht der Iechternacher Abtei an dem Äerzbëschof Johann I. vun Tréier vermëttelt huet. D'Liber Aureus huet gehollef, datt d'Abtei hir Rechter konnt behalen.

D'Liber Aureus besteet aus zwéin Deeler, wouvun deen zweeten net ganz fäerdeg gi war. Dran ze fanne sinn, nieft den Ofschrëfte vun Urkunden, och historesch Notizen, an och d'Vita Irminae (d'Beschreiwung vum Liewe vun der Irmina vun Oeren), déi den Abt Theofried vun Iechternach (1083-1110) verfaasst hat.