Bei den Arietiden handelt et sech ëm e Meteorstroum, dee vum 22. Mee bis den 2. Juli aktiv ass. Well d'Arietiden nëmmen daagsiwwer iwwer dem Horizont sinn, si si mat bloussem A net ze gesinn, a kënnen nëmme mat Hëllef vu Radiowelle registréiert ginn.

Radiant vun den Arietiden de 7. Juni

Wa Meteoren an d'Atmosphär antrieden, hannerloosse si kuerz vergänglech ioniséiert Spueren, déi bestëmmt Radiowelle gutt reflektéieren. Beim Asaz vun zweckméissege Radioquelle kënnen déi vun de Ionisatiounsspuere reflektéiert Signaler mat Hëllef vun Detektere registréiert ginn.

De Meteorstroum huet säi Radiant am Stärebild Aries (Widder). Säi Mammekierper ass warscheinlech den Asteroid 1566 Icarus.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie