Henri Rodesch

lëtzebuergesche Schoulmeeschter a Politiker

Den Henri Rodesch, gebuer den 8. Januar 1935 zu Bauschelt a gestuerwen de 24. November 2015 zu Nidderaanwen[1], war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter, Museksprofesser a Politiker.

Henri Rodesch
Gebuer 8. Januar 1935
Bauschelt
Gestuerwen 24. November 2015
Nidderaanwen
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Schoulmeeschter, Museksprofesser

Den Henri Rodesch huet no dem Ofschloss vu sengem Studium an der Normalschoul nach zwee Joer laang Course fir Musekpedagogie zu Trossingen (D) suivéiert. Dono war hie vun 1956 bis 1961 a vun 1964 bis 1967 Schoulmeeschter zu Mënsbech. No weidere Studien op der “Musikhochschule” vu Köln ass hie Museksprofesser am Atheneum (1970-1999)[2] an am ISERP ginn.

Den H. Rodesch war wärend 15 Jor als CSV-Vertrieder Member vum Schëtter Gemengerot: Conseiller (1982-1988), Schäffen (1988-1993), Buergermeeschter (2005-2008).

Den Henri Rodesch huet 47 Jor laang d'Chorale “Schëtter Gesank” dirigéiert, a 15 Jor laang d'Chorale “Eintracht im Thale” vun Hesper.

Hien ass och den Auteur vun enger Rei vu Publikatiounen, déi virun allem a Veräinsbroschüre publizéiert goufen.

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • Die aktuellen Tendenzen in der Musikerziehung. In: Festivités du centenaire avec inauguration d'un nouveau drapeau / Chorale Ste Cécile Gostingen. Gostingen 1971, S. 40-44.
  • Haben Musik- und Gesangvereine eine Überlebungschance? In: Centenaire / Chorale municipale Sainte-Cécile Wiltz. Wiltz 1974, S.78-81.
  • Wie steht es um die Musikerziehung in unseren Schulen? In: 75e anniversaire: 1905-1980 / Pompiers et Fanfare "L'Écho de l'Alzette" Heisdorf. Luxembourg 1980, S.143-145.
  • Der Vereinsbau des "Schëtter Gesank". In: 1863-1988: 125 Joër Schëtter Gesank / Chorale Sainte-Cécile. Schuttrange 1988, S. 37-42.
  • Kirche, Kapellen und Wegkreuze. In: 1863-1988: 125 Joër Schëtter Gesank / Chorale Sainte-Cécile. Schuttrange, 1988, S. 103-111.
  • Lebensbedingungen in Luxemburg: 1860-1870. In: 1863-1988: 125 Joër Schëtter Gesank / Chorale Sainte-Cécile. Schuttrange, 1988, S. 126-130.
  • Waasser a Stroum. In: Bauschelt, Baschelt a Syr vu gëschter bis haut / Fanfare Concordia Gemeng Bauschelt. Boulaide, 1989, S. 505-515.
  • Enger B-17 hire läschten Tour. In: Bauschelt, Baschelt a Syr vu gëschter bis haut / Fanfare Concordia Gemeng Bauschelt. Boulaide 1989, S. 117-122.
  • Iwwerleongen zur Entwëcklong vun der Musekerzéiong an de Lëtzebuerger Schoulen. In: 1865-1990 / Société chorale "Eintracht im Thale". Hesperange 1990, S. 265-273.
  • Schafft die Musikstunde ab! In: Nos Cahiers 15 (1994), Nr. 4, S. 65-74.
  • Soen aus dem Syrdall, illustréiert vum Mario Vandivinit ; an d'neit Lëtzebuergesch ëmschriwwe vum Henri Rodesch. 1995, Lëtzebuerg, 136 S.
  • Die Musik in der Lehrerausbildung 1845-1995. In: La formation de l'instituteur au Luxembourg: l'École normale, l'Institut pédagogique, l'Institut supérieur d'études et de recherches pédagogiques. ISERP, Luxemburg 2000, S. 52-64.

Literatur änneren

  • rr., 2015. Henri Rodesch gestorben. Luxemburger Wort 2015, Nr. 278 (28. November), S. 37.
  • Zenner, R., 2015. À la mémoire de Henri Rodesch d'Uebersyren. Luxemburger Wort 2015, Nr. 290 (12. Dezember), S. 97.
  • Zenner, R., 2015. Noruff fir den Henri Rodesch. À la mémoire de Henri Rodesch d'Uebersyren. École et Vie 2016 (1), S. 55.

Referenzen änneren

  1. Luxemburger Wort 2015-11-28, S. 94 (Doudesannonce).
  2. Luxemburger Wort 2015-12-01, S. 55 (communauté scolaire de l'Athénée).