De Freddie Mercury, mam richtegen Numm Farrokh Bulsara, gebuer de 5. September 1946 zu Stone Town, am Protektorat Sansibar (haut Tansania), a gestuerwen de 24. November 1991 zu London, war e britteschen Auteur a Komponist vu Lidder, Sänger a Museker, deen als Sänger vun der Rockband Queen international bekannt gouf.

Freddie Mercury
Gebuertsnumm Farrokh Bulsara, ફારુખ બલસારા
Pseudonym Larry Lurex
Gebuer 5. September 1946
Gestuerwen 24. November 1991
Kensington
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Liddermécher, Gittarist, Pianist, Komponist, Museksproduzent, Sänger, Produzent, Moler, Dichter, Grafiker, Rockmuseker
Member vun Queen

Mat Queen huet hien déi meescht vu senge grousse Succèse publizéiert, wéi Bohemian Rhapsody, Somebody to Love, We Are the Champions, Don't Stop Me Now oder Crazy Little Thing Called Love. Hien huet och zwéi Solo-Albumen erausbruecht: Mr. Bad Guy 1985 a Barcelona 1988, wourop en d'Titellidd mat der Sopranistin Montserrat Caballé gesongen huet.

Een Dag viru sengem Doud duerch eng Longenentzündung huet hie bekannt gemaach, datt hien Aids hätt.

Um Spaweck änneren

Commons: Freddie Mercury – Biller, Videoen oder Audiodateien