Haaptmenü opmaachen

Den Ernst Koch, gebuer den 3. Juni 1808 zu Singlis an Däitschland a gestuerwen de 24. November 1858 an der Stad Lëtzebuerg, war e romanteschen Dichter, geléierte Jurist a Professer fir däitsch Literatur am Kolléisch. Hien huet och ënner de Pseudonymen Eduard Helmer, Leonhard Emil Hubert, Hubertus a C. Mons geschriwwen.

Ernst Koch
Ernst Koch, Porträt-Gallerie.jpg
Pseudonym Eduard Helmer, Leonhard Emil Hubert, Hubertus, K., K-ch
Gebuer 3. Juni 1808
Gestuerwen 24. November 1858
Lëtzebuerg
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Juristesche Schrëftsteller, Schrëftsteller
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Säi LiewenÄnneren

No sengem Studium op den Universitéite vu Marburg a Göttingen huet hie sech fir eng kuerz Zäit politesch engagéiert. Déi reaktionär Politik vu sengem deemolege Chef, dem kurhessesche Justiz- an Inneminister Ludwig Hassenpflug, huet hien dozou bruecht säi Land 1834 ze verloossen. E puer Joer laang huet hien eng Zort Vagabundeliewe gefouert. Sou ass hien a Frankräich an d'Friemelegioun gaangen an huet a Spuenien gekämpft.

1837, nodeem hien zum Katholizismus iwwergetruede war, goung hien erëm zréck an Däitschland, op Kassel. Den Hassenpflug, deen deemools Zivilgouverneur vu Lëtzebuerg war, huet den Ernst Koch als Regierungssekretär op Lëtzebuerg geholl. 1840 huet hie sech mat der Octavie Mullendorf bestuet. Vun hiren 10 Kanner sinn der 7 jonk gestuerwen. 1841 ass hie Lëtzebuerger ginn. 1846 huet hie sech ëm den däitschen Text vum Mémorial bekëmmert.

1850 gouf hie Professer fir däitsch Sprooch a Literatur am Kolléisch. Hie gëllt haut nach als ee vun de bedeitende Professeren an der Geschicht vum Kolléisch.

1858 ass hien an der Stad Lëtzebuerg un enger Longekrankheet gestuerwen. Säi Graf ass um Nikloskierfecht um Lampertsbierg. An der Stad Lëtzebuerg um Belair ass eng Strooss, d'Rue Ernest [sic] Koch, no him benannt. Eenzel Lëtzebuerger Famille wéi Bourggraff, Kuborn a Prussen zielen zu sengen Nokommen.

Literarescht WierkÄnneren

Seng Gebidder ware Lyrik, Prosa an Drama. Seng Wierker beschreiwen op eng satiresch, ironesch an humoristesch Fassong, sozial-politesch Erliefnesser.

Auswiel vu senge Wierker:

  • Vigilien des armen Rechtskandidaten Leonhard Emil Hubert. (1831-1832)
  • Prinz Rosa-Stramin (1834: kuerz ier hien Däitschland verléisst)
  • Erzählungen (1847)
  • Salon-Novellen. (1859 Gedichter).

Um SpaweckÄnneren