Albert I. vun der Belsch

Kinnek vun de Belsch (1909-1934)

Den Albert I. vun der Belsch, gebuer als Prënz Albert Léopold Clément Marie Meinrad vun der Belsch den 8. Abrëll 1875 am Palais de la Régence zu Bréissel, a gestuerwen de 17. Februar 1934 zu Marche-les-Dames bei Namouer, a männlecher Linn en Nokommen aus dem Haus Sachsen-Coburg-Saalfeld, war vun 1909 bis zu sengem Doud Kinnek vun de Belsch.

Albert I. vun der Belsch
Titelen
Kinnek vun de Belsch
Zäit 23.12.1909 — 17.02.1934
Virgänger Leopold II.
Nofollger Leopold III.
Biographie
Gebuer 8. Abrëll 1875
Gestuerwen 17. Februar 1934
Bestuet mat Elisabeth Gabriele in Bayern
Papp Philipp vu Sachsen-Coburg
Mamm Luise vun Hohenzollern-Sigmaringen
Geschwëster Baudouin vun der Belsch, Joséphine vun der Belsch, Joséphine Caroline vun der Belsch, Henriette vun der Belsch
Kanner Leopold III. vun der Belsch, Charles vun der Belsch, Marie José vun der Belsch
Monogramm vum Albert I.

Ufanksjoren

änneren

De Prënz Albert vun der Belsch gouf den 8. Abrëll 1875 als fënneft Kand an als zweetgebuerene Jong vum Prënz Philippe, Grof vu Flandern a senger Fra Marie Luise vun Hohenzollern-Sigmaringen gebuer. Säi Papp war de méi jonke Brudder vum regéierende belsche Kinnek Leopold II. Um Dag vu senger Gebuert war den Albert op der drëtter Plaz an der Trounfolleg. De Krounprënz Leopold war schonn 1869 gestuerwen, a wéi dem Albert säi grousse Brudder, de Prënz Baudouin 1891 och gestuerwen ass, gouf den Albert als presuméierten Ierwe vun der belscher Kroun ugesinn. Nom Doud vu sengem Papp am Joer 1905 war hien den direkten Trounfollger.

De jonke Prënz krut eng militäresch an naturwëssenschaftlech-technesch Ausbildung. 1891 goung hien op d'kinneklech Militärschoul zu Bréissel a gouf am Joer duerno Leitnant an engem Grenadier-Regiment.

Vun 1893 bis 1909 war de Prënz Albert Member vum Senat. An dëser Roll huet hie sech fir d'Situatioun vun de belschen Aarbechter interesséiert an ass perséinlech inkognito an d'Aarbechterquartiere gaange fir sech selwer iwwer d'Liewensbedingungen z'informéieren. Hien huet sech och ëffentlech fir d'Verbesserung vun der Infrastruktur an der Marinn agesat. Am Fréijoer 1898 ass den Albert op eng Rees vu véier Méint an Nordamerika gaangen an 1908 huet hien eng grouss Rees duerch de belsche Kongo ënnerholl, dee bis kuerz virdrun nach de perséinleche Besëtz vu sengem Monni Leopold II war. Den Albert koum an eng komplett erofgewirtschaft an ausgebeut Kolonie an huet decidéiert fir Reforme fir de Schutz vun den Awunner an d'Weeër ze leeden.

Bestietnes an Nokommen

änneren

Den Albert huet sech den 2. Oktober 1900 zu Münche mat der Wittelsbacher Prinzessin Elisabeth Gabriele in Bayern bestuet, der zweeteelster Duechter vum Aendokter Carl Theodor in Bayern (de Brudder vun der Keeserin Elisabeth vun Éisträich-Ungarn) a senger Fra Maria Josepha vu Portugal. Déi zwee hate sech 1897 beim Begriefnes vun der Elisabeth hirer Tatta Sophie a Frankräich kennegeléiert. Aus dem Bestietnes, sinn dräi Kanner ervirgaangen:

De Leopold II. ass de 17. Dezember 1909 no enger Herrschaft vu 44 Joer gestuerwen a sechs Deeg méi spéit ass de 34 Joer alen Albert als neie Kinnek Albert I. vereedegt ginn. Hie war deen éischte belsche Monarch, dee säin Eed net just op Franséisch, mä och op Hollännesch geleescht huet. Wéinst hirem einfachen an harmonesche Familljeliewen, waren de Kinnek an d'Kinnigin bei de Leit ganz beléift.

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Alpinismus

änneren

Den Albert I. war e begeeschterte Biergsteiger a Kloterer. 1907 war hien – zesumme mat senger Fra an de Guidë Martin Schocher a Benedikt Supersaxo – den éischten deen op d'Nordost-Crête vum Piz Caral (3421 m.) an der Schwäiz geklotert ass.

Méi spéit ass hien ë. a. och iwwer d'Hörnligrat op d'Matterhorn geklotert an op verschidde Bierger an den Dolomiten.

De Kinnek Albert I. ass de 17. Februar 1934 am Alter vun 58 Joer duerch e Kloteraccident ëmkomm, wéi en eleng an den Ardenne bei Marche-les-Dames ënnerwee war.

Éierung

änneren

Zu Lëtzebuerg

änneren

Fir un den Albert I. z'erënneren, gouf an de Quartieren Hollerech / Belair vun der Stad Lëtzebuerg eng Strooss no him genannt: d'Rue Albert 1er leeft vun der Rue Adolphe bis an d'Avenue du X septembre.

Gielercher (Auswiel)

änneren

Fir eng méi komplett Lëscht, kuckt hei.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Albert I. vun der Belsch – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virgänger:
Leopold II.
Kinnek vun de Belsch
1909 - 1934
Nofollger:
Leopold III.

Referenzen an Notten

änneren