Claire Thill

lëtzebuergesch Schauspillerin
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Claire Thill ass eng lëtzebuergesch Schauspillerin.

Claire Thill
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schauspiller

No hirem Secondaire am Lycée Hubert-Clément zu Esch-Uelzecht, huet si hir Ausbildung als Schauspillerin zu London a Paräis an der Royal Central School of Speech and Drama, am Queen Mary & Westfield College an der International School of Theatre Philippe Gaulier gemaach. Hir professionell Debuten hat d'Claire Thill duerno zu Paräis. Zanterhier schafft si haaptsächlech als Schauspillerin zu Lëtzebuerg, an England an a Frankräich. Am Theater huet si ënner anerem ënner der Regie vum Michel Didym, der Deborah Warner, dem Joyce Henderson, dem Frank Hoffmann an der Jacqueline Posing-Van Dyck gespillt.

D'Claire ass Grënnungsmember vun der franséischer Compagnie ZACLAMA!, eng Trupp, déi sech haaptsächlech op kollektiv Kreatioune spezialiséiert huet a vill kreativ Stiler op der Bün vermëscht (Masken, Commedie dell'Arte, Clown, Danz. Physical Theatre, Marionetten etc...).

Si gehéiert och zu der Grënnungsequipe vum Lëtzebuerger Kollektiv Independent Little Lies. Am Kino war si ënner anerem a Filmer vum Pol Cruchten, Michael Radford a Lukas Erni ze gesinn.

2005 krut si eng Bourse fir um "Internationales Forum junger Bühnenangehöriger" am Kader vum Theatertreffen zu Berlin deelzehuelen.

2010 war si als Lëtzebuerger Schauspillerin beim Talentcampus op der Berlinale dobäi.[1]

Nieft hirer Aktivitéit als Schauspillerin, inzeenéiert si och. D'Produktioun Dance Play vun der portugisescher Schrëftstellerin Ana Mendes huet 2013 de Publikumspräis beim 100° Festival an de Sophiensäle zu Berlin gewonnen.

Filmographie änneren

Referenzen änneren

  1. D'Claire Thill op der Websäit berlinale-talentcampus.de