Haaptmenü opmaachen
Iolu Abil 2010

De Iolu Johnson Abil, gebuer 1942 op Tanna, ass e Politiker vu Vanuatu. Den 2. September 2009 gouf hien zum President vu Vanuatu gewielt an deeselwechten Dag vereedegt.

Virdru war hien ë. a. Staatssekretär an der éischter Regierung no der Onofhängegkeet vu sengem Land an, vun November 2004 bis Abrëll 2005, Interim-Ombudsmann. Ausserdeem hat hie verschidde Plazen an der Privatwirtschaft, dorënner déi als President vun Air Vanuatu.