René Blum

lëtzebuergeschen Affekot, Diplomat a Politiker

De René Blum, gebuer de 17. Februar 1889 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen de 25. Dezember 1967 um Briddel, war e lëtzebuergeschen Affekot, Diplomat a Politiker (LSAP).

René Blum
De René Blum, ufanks der 1930er Joren.
Gebuer 17. Februar 1889
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 25. Dezember 1967
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Affekot
Partei LSAP
Famill
Papp Louis Blum

Hie war vun 1926 bis 1933 a vun 1935 bis 1937 President vum Fräidenkerbond.

De René Blum hat säi Cabinet als Affekot an der Stad a gouf 1918 als Vertrieder vun der Aarbechterpartei an d'Chamber gewielt. Hien ass do als aussergewéinleche Rhetoriker a Schaffert opgefall. En ettlech vu sengen deponéierte Gesetzespropositioune ginn nach haut zitéiert:

  • 1924: éischte Versuch fir d'Verankerung vum Déiereschutz an d'Lëtzebuerger Gesetz. Allerdéngs gouf dat éischt Gesetz iwwer den Déiereschutz eréischt am Februar 1965 gestëmmt
  • 1926: d'Propositioun iwwer d'Acquisitioun an de Verloscht vun der lëtzebuergescher Nationalitéit, déi am Gesetz vum 23. Abrëll 1934 hiren Nidderschlag fonnt huet.

Den 8. Abrëll 1937 huet hie seng Mandater als Deputéierten an als President vun der Aarbechterpartei opginn, well grouss Deeler aus senger Partei sech net der Liga fir d'Verdeedegung vun der Demokratie ugeschloss hunn an dergéint ware fir mat de Kommunisten zesummenzeschaffen. Hie war dunn ee vun den aktiivste Leaderen am Referendum géint Maulkuerfgesetz.

No der Nidderlag vun der Regierung beim Referendum an no der Demissioun vum Premierminister Joseph Bech gouf d'Regierung ëmgebilt, an de René Blum gouf Minister fir Justiz, ëffentlech Aarbechten a Verkéier.

A senger Zäit als Justizminister ass hien opgefall duerch säi verständnesvollt zoudeele vun Areespermise fir Naziflüchtlingen aus Däitschland. De 6. Abrëll 1940 huet hien als Minister demissionéiert a goung no der Occupatioun vu Lëtzebuerg fir d'éischt a Frankräich an duerno an England an den Exil.

Nom Krich gouf hien éischte Lëtzebuerger Ambassadeur an der deemoleger UdSSR. Do huet hie sech voll engagéiert fir déi Lëtzebuerger Zwangsrekrutéiert aus der russescher Gefaangenschaft op Lëtzebuerg ze rapatriéieren.

No senger Zäit als Ambassadeur huet hien ëmmer nees versicht, déi duerch de Kale Krich bedéngt äiseg Relatiounen tëscht Lëtzebuerg an der UdSSR ze verbesseren. Hie war Éierepresident vun der Association Luxembourg - URSS.

De René Blum war de Jong vum Cheemiker Louis Blum.

Seng Karriär änneren

  • 1918-1937: Deputéierten an der Chamber
  • 1925-1926: President vun der Chamber
  • 1937-1940: Minister fir Justiz, ëffentlech Aarbechten a Verkéier an der Regierung Dupong-Krier
  • 1944-1955: Lëtzebuerger Ambassadeur zu Moskau

Gielercher änneren

Kuckt och änneren


Referenzen änneren

  1. Memorial A N°10 vun 1950 mat der Lëscht vun de Leit déi 1950 mam Ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen
  2. (fr)Chronique locale - Haute distinction. Luxembourg: journal du matin. viewer.eluxemburgensia.lu (7 Mäerz 1939). Gekuckt de(n) 2023-08-02.