Milly Ludwig
D'Milly Ludwig oder Milena Ludwig, gebuer als Emilie Anna Ludwig de 17. Februar 1927 zu Diddeleng a gestuerwen den 29. Juni 2011 zu Esch-Uelzecht, war eng lëtzebuergesch Liichtathleetin an Olympionickin.[1]
Milly Ludwig | |
---|---|
Gebuer |
17. Februar 1927 Diddeleng |
Gestuerwen |
29. Juni 2011 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Wäitsprénger, Héichsprénger |
An de Krichsjoren huet d'Milly Ludwig mat der Liichtathleetik ugefaangen a gouf Member beim beim Cercle des sports Union Dudelange. No 1945 war si op nationalen an internationalen Turnéieren derbäi an huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1948 zu London vertrueden[2].
No 1953 huet si an enger Klouschterschoul enseignéiert a bei der Grënnung vun der nationaler Basketballfederatioun a vum Basketballclub T71 Diddeleng gehollef.
No hir genannt änneren
Am Kader vum internationale Fraendag 2019 huet d'Gemeng Diddeleng am Quartier Lenkeschléi fënnef Stroossen an eng Plaz no Diddelenger Frae genannt, déi an hirer Zäit Virreiderinne waren a sech no hire politeschen, privaten oder berufflechen Iwwerzeegungen engagéiert hunn. Dorënner d'Rue Milly Steinmetz-Ludwig an Erënnerung un d'Milly Ludwig[3].
Literatur änneren
- Anne Julie Heintz, Düdelingen entdeckt seine weibliche Seite op wort.lu den 8. Mäerz 2019 an an der Drockversioun vum Luxemburger Wort vum 9. / 10. Mäerz 2019, S. 40-41, ënnert dem Titel Starke Frauen, starke Geschichten.
Auszeechnungen änneren
- Chevalier de l'Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg[4]
Kuckt och änneren
Referenzen änneren
- ↑ D'Milly Ludwig op der Websäit vu sports-reference.com
- ↑ D'Milly Ludwig op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'
- ↑ Quell wou net anescht uginn: Anne Julie Heintz an der Literatur.
- ↑ 30-06-2008:Promotion dans les ordres nationaux »: Les anciens « Olympiens » luxembourgeois à l'honneur